arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Stater Geschäftswelt huet Problemer "op béid Säite vun der Bréck"

Stad Lëtzebuerg

|
reading time

4 min

headphones

10 min

play_arrow

D'Stater Geschäftswelt huet Problemer "op béid Säite vun der Bréck"

De Garer Quartier huet net de beschte Ruff. Dat huet och Auswierkungen op d'Geschäftswelt, wou ee Buttek nom aneren zoumécht. Esou och eng Metzlerei vun der DP-Conseillère Anne Kaiffer. Si fäert, datt geschwënn och aner Quartieren ënner deem selwechte Problemer leide kéinten.

reading time

4 min

headphones

10 min

play_arrow
D'Anne Kaiffer | © Jo Diseviscourt
D'Anne Kaiffer (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Anne Kaiffer sëtzt fir d’DP am Stater Gemengerot. Si huet doriwwer eraus an der Groussgaass och eng Metzlerei. Bis viru Kuerzem gouf et op der Stater Gare eng zweet Filial. Wéi een awer elo am Lëtzebuerger Wort liese konnt, ass déi zougaangen.

Ekonomeschen Drock ze grouss

Wéi si d’Metzlerei am Februar 2022 op der Stater Gare opgemaach huet, hätt si un de Succès gegleeft, seet d’Anne Kaiffer am 100,7-Interview. Am Réckbléck war et awer e Feeler.

“D’Situatioun war déi, datt vill Saache beieneekomm sinn. D’Leit si fort, Büroe si fort. Et huet sech net méi gerechent.”

D’Präisdeierecht wier de gréisste Problem gewiescht. De Charakter vum Garer Quartier hätt der Situatioun och net gehollef, seet d’Anne Kaiffer.

Och an der Uewerstad géing si den ekonomeschen Drock spieren. Do géinge sech d’Fraisen awer anescht rechnen, well d’Produktioun do stattfënnt. An natierlech ass d’Clientèle och eng aner. Entloosse muss d’DP-Conseillère awer keng Leit.

Den Opschwong ass ausbliwwen

An engem Interview am Lëtzebuerger Wort huet d’Anne Kaiffer gesot: "Ech gleewen net méi un de Garer Quartier."

Viru véier Joer hätt si nach op den Opschwong gegleeft, seet si. Zanterdeem hätt een awer net déi richteg Léisunge fonnt fir den Opschwong wierklech virunzedreiwen. Och an der Uewerstad wier d’Situatioun net vill besser, mengt d’Geschäftsfra.

“Op den zwou Säite vun der Bréck maache Geschäfter zou. Doduerch komme manner Clienten. Et si manner Leit an de Stroossen an aner Problemer kënne sech ausbreeden.”

Och um Lampertsbierg oder am Gronn géint si schonn änlech Problemer observéieren.

Eng DP oder CSV géingen och probéieren, punktuell un d’Problemer erunzegoen, mengt d’Anne Kaiffer, mee déi richteg Léisunge wieren nach net fonnt ginn. Et misst een eng global Léisung fannen, déi souwuel de Geschäftsleit hëlleft, wéi och den drogenofhängege Leit, déi am Quartier sinn.

"Lëtzebuerg eleng fënnt keng Léisungen"

Et ass net esou, wéi wann d’DP eréischt zënter Kuerzem an der Stad um Rudder wier. Dat weess och d’Anne Kaiffer. Si réit hirer Partei, e Bléck an d’Ausland ze geheien, op aner Groussstied, wier eventuell Léisungsusäz ze fannen.

“Mir kënne keng Léisung hei eleng fannen. Mir mussen eise Bléck erweideren an op Berlin kucke goen, zum Beispill.”

Zënter Jore scho géing zu Lëtzebuerg de Ball vun enger Säit op déi aner gespillt ginn: D’Gemeng bei d’Police, d’Police bei d’Justiz, seet d’DP-Politikerin. Dat repressiivt Virgoe géint den Drogenhandel an d’Kriminalitéit géing awer net all Problemer léisen.

“Mir mussen och déi Leit ënnerstëtzen, déi op der Strooss liewen. En Drogenofhängegen, deen ass krank, dee muss gehollef kréien.”

D’Kritik vun der Anne Kaiffer ass och, datt d’Stad "vill ze accessibel" wier, an all Dag géingen nei Leit op der Strooss setzen.

“Ech gesinn net a firwat mir de Problem vun der Groussregioun sollen opfänken.”

Nach kee Retour vun der Buergermeeschtesch

déi gréng am Stater Gemengerot proposéieren eng dezentral Drogestruktur, Housing first Wunnengen, a Steieren op Geschäftssurfacen, déi eidel stinn.

Mee trotz der indirekter Kritik un hirer eegener Partei géing sech d’Anne Kaiffer an der DP nach ëmmer wuelfillen.

“D’DP ass eng liberal Partei a souwäit ech weess, dierf do jidderee seng Meenung hunn. Wann ech meng Meenung net soe géing, wier ech och keng gutt Politikerin.”

Et wier hir kloer, datt si tëschent zwee Still géing stoen, seet d’Anne Kaiffer, mee hire Message wier net als Kritik geduecht.

Parteiintern hätt si och nach net vill Retour kritt. Déi eng géingen et gutt fannen, déi aner net. Mat der Buergermeeschtesch Lydie Polfer hätt si bis elo nach kee Kontakt gehat, seet d’Stater Geschäftsfra.

play_arrow Lauschteren