Et stécht eng enorm Organisatioun hannert dem Programm deen d‘Stad Lëtzebuerg iwwer de Summer ubitt. Dat betount de Laurent Schwaller, Chef vum zoustännege Service.
Dozou gehéiert ënner anerem de City Sounds um Glacis mat Toto a Morcheeba. Wéi een Toto op Lëtzebuerg kritt huet awer net just mat Budget ze dinn, mee och mat Connectioun a Vertrauen, betount de Laurent Schwaller.
Déi final Organisatioun muss och vum Schäfferot ofgeholl ginn. Do kënnt et och mol zu Diskussiounen, bis ee sech dann eens gëtt. Dat wier awer normal an och wichteg.
De gréissten Open Air Festival am Land
Fir de City Sounds sinn alles an allem 10 Formatioune geplangt. De Mett Hoffmann, Mataarbechter vum Service, erkläert, datt een do am Viraus ënner anerem och de Public muss definéieren. Fir den 22. Juni, also de Virowend vun National Feierdag, ass d‘Programmatioun éischter u Jonker geriicht. Da misst gekuckt ginn, wie grad beléift ass. Gläichzäiteg geet et awer och drëms interessant lokal Formatiounen op der Bün ze hunn.
„Ze attraktiv“, soll een awer och net sinn. Et passen zwar 25.000 Leit op de Site um Glaics. Well de Festival awer gratis ass a keng Ticketen dofir verkaf ginn, kann een och just un der Dier selwer zielen, wéi vill Leit do sinn a muss déi och zoumaachen, wann d'Limitt erreecht ass.
Service am Dauerstress
Och traditionell Rendez-vouse wéi de Fakelzuch an d‘Freedefeier gehéieren zum National Feierdag Programm. Déi maache sech net vum selwen, betount de Laurent Schwaller. Dofir mussen hien a seng Equipe sech ëm d‘Musekskompositioun këmmeren. Dëst Joer gëtt d‘Musek vum Pol Belardi geschriwwen.
Alles an allem steet de Service ëm dës Zäit ënner Dauerstress: Leschte Weekend war d‘Fête de la Musique, da kënnt d‘Kinnekswiss, de Blues and Jazz Rallye an och d‘Personalfest vun der Stad Lëtzebuerg. An dann ass et och schonn net méi laang, bis d‘Schueberfouer lass geet.
Villes gëtt parallel zu eneen organiséiert an och scho wäit am Viraus. Esouwäit, datt souguer elo schonn un der Organisatioun vun de Wantermäert geschafft gëtt.