Mat enger Vereinfachung vun de Prozeduren a vun den Ëmweltoplage beim Bauen, hofft d‘Regierung méi séier kënnen nei Wunnengen ze bauen an de Wunnengsmarché unzekierpen. Et gëtt awer och scho Kritik un de Regierungspläng.
Am Virfeld schonn haten d’Ëmweltorganisatiounen Natur an Ëmwelt a Mouveco Kritik un der geplangter Reform geäussert. Gefaart gëtt datt den Naturschutz ënnert där Vereinfachung vun de Prozedure leit. Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet haut um Mëttwoch virun der Press argumentéiert, et wier ee Liewe mat der Natur an net géint d‘Natur.
Et géif drëms goe fir déi administrativ Demarchë vum Schafe vum Wunnengsbau méi einfach ze maachen. Donieft wéilt een d’Begréngung am urbane Milieu stäerken.
"Et geet dorëms fir méi séier a méi einfach kënnen Naturschutz ze bedreiwen."
De Gesetzesprojet ass a siwe Konzepter ënnerdeelt
Eent vun de Konzepter nennt sech Natur op Zäit. Ee Konzept dat och schonn an eisen Nopeschlänner existéiert an schonn ënnert der viregter Regierung ausgeschafft gouf. Ënnert der neier Regierung wier dat Konzept elo liicht ugepasst ginn, erkläert de Serge Wilmes.
"D’Iddi ass sech also kann eng Zäitchen d’Natur iwwerhaapt entwéckelen op Bauterrainen. An datt ee se duerno awer ka relativ einfach och dann ewechhuelen."
Kritik vun déi gréng
Déi fréier Ëmweltministesch a gréng Oppositiounsdeputéiert Joëlle Welfring gesäit dat kritesch. Mat deem heite Virschlag géif de Bestand net méi geschützt ginn
"Dat heescht déi Biotopen déi mer am Moment an eise Stadzentren hunn, déi sinn an Zukunft net méi geschützt. An dat fannen ech schwiereg, well mer jo grad elo an enger Situatioun sinn, wou mer éischter méi gréng Infrastruktur brauchen."
Änlech Bedenken huet de Vizepresident vun der Ëmweltkommissioun an LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Natur op Zäit a méi Begréngung an de Gemenge wiere wuel Konzepter, déi an déi richteg Richtung géinge goen, mee, et hätt een d‘Impressioun „datt d’Natur am Fong am Wee steet vun enger méi effizienter Baupolitik“.
Dat hei wier en éischte Jet, huet de Serge Wilmes de Gesetzesprojet verdeedegt. Et kéimen nach aner Ännerungen. Ënnert anerem wier een Aarbechtsgrupp mat der Landwirtschaftskammer geplangt.