D’Schoul misst donieft och ee séchert Ëmfeld si fir déi Persounen, an dozou géif och Sensibiliséierung vun de Matschüler gehéieren.
De Schoulofbroch bei queere Schüler géif däitlech iwwer der Moyenne leien. Dëst, well si och riskéieren, doheem diskriminéiert a stigmatiséiert ze ginn. D’Schoul misst dowéinst ee Safe space duerstellen.
D‘CCDH ënnersträicht, datt och d’Léierpersonal misst forméiert gi fir a sou Fäll richteg ze handelen.
Nächst Woch ginn dann och déi zwou Petitioun fir a géint d’Inclusioun vun LGBTIQA+ Theemen an der Schoul an der Chamber diskutéiert.