Och an de Medienhaiser selwer ass een net zefridden domat, wéi vill Fraen op den Table-ronden present waren. Et waren der net genuch, do si sech déi dräi Chefredaktere vum radio 100,7, vun RTL a vum Lëtzebuerger Wort eens.
Beim Lëtzebuerger Wort zum Beispill, huet een no an no misste feststellen, datt déi männlech Politiker méi present wieren. Et wéilt een doru schaffen dat eng nächste Kéier anescht unzegoen, seet de Chefredakter Roland Arens.
“Mee wei gesot, et ass awer sécher eng Iddi fir sech dat eng Kéier un ze kucken, wa mir gesinn, datt op engem Debat eng däitlech Majoritéit vu Männer do ass, datt mer da probéieren, déi eng oder aner Partei unzeschwätzen, an se ze biede fir eng Fra ze schécken. Mee wéi gesot, dat kéint am Eenzelfall komplizéiert ginn.”
Eng Realitéit déi een net wech schwätze kann
Et wier net onméiglech, als Medienhaus bei Table-ronden op Paritéit ze pochen, betount de Roland Arens nach. Et wier awer mat ville Contrainte verbonnen. Déi Aschätzung mécht och de radio 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
“Wann ee wéi gesot déi Contrainte schonn eleng vun engem Format vu Spëtzekandidaten a Spëtzekandidate gesäit, well et do ebe keng Paritéit gëtt. A mir musse jo och d’Realitéit iergendwou ofbilden. Dat anert ass, datt allgemeng, wann een d’Opdeelung vun de Kandidate kuckt, da sinn einfach méi Männer déi kandidéiert hu wéi Fraen. Dat ass och eng Realitéit, déi kënne mir net einfach wech schwätzen. Mee d’Medien hunn eng Responsabilitéit, déi well ech net kléng rieden”
Bei 12 Parteien ass d’Erausfuerderung grouss
Dobäi kënnt d’Konkurrenz tëscht den Table-ronden. Op Zeitungen, Tëleeën oder och ASBLen: et goufe vill Gespréichsronne virun dëse Walen. D’Politikerinnen an d’Politiker hunn et missten och zäitlech ronnkréien déi verschidde Rendez-vousen an hire Kalenner anzebauen, erkläert den RTL-Chefredakter Guy Weber.
“Et ware jo genuch divers Acteuren, ech mengen der als 100,7 oder de Print, déi och nach Table-ronden organiséiert hunn. Gewerkschaften oder Patronatsverbänn déi Table-ronden organiséiert hunn – jiddereen huet sech am Fong geholl ronderëm en Deel vu Leit beméit fir déi dann op hir Plattformen ze kréien.”
Bei 12 Parteie wier et schonn eng Erausfuerderung, d’Parteien all gläichméisseg ofzedecken, mengt de Guy Weber nach weider.
“Dat hei war déi komplizéiertst u Walen, déi ech bis elo gemaach hunn Et war meng 19. a meng lescht Chamberwal, mee dat do war déi komplizéiertst déi ech bis elo hat.”
Parteien decidéiere wie si schécken
D’Schwieregkeet géif och bei de Formater leien, betounen déi dräi Chefredakteren. Wann ee beispillsweis eng Emissioun mat Spëtzekandidaten a -Kandidatinnen organiséiert an d’Parteie sëtzen op eng Duebel-männlech-Spëtzt, da kéint een als Medienhaus do keen Afloss drop huelen, mengt de Jean-Claude Franck.
Beim Wort hätt een d’Schwéierpunkten thematesch gesat, seet de Roland Arens, an do wier et un de Parteie fir Fraen a Männer paritéitesch opzestellen.
“Mir hunn de Parteien och virdru graff matgedeelt, natierlech net d’Froen déi mer stellen, dat ass jo kloer, mee mir hu scho gesot hei sinn déi dräi véier Haaptsujeten déi mer wëllen ofdecken, an da mussen d’Parteie selwer hir Responsabilitéit huelen, wie se do schécken.”
D’Medienhaiser musse refuséiere kënnen
Fir RTL Radio, RTL Tëlee an den 100,7 gëtt et awer och den Optrag, offiziell Table-ronden ze organiséieren. D’ALIA, déi onofhängeg Autoritéit fir déi audiovisuell Medien, betount, datt d’Parteie kënnen decidéieren, wie si schécken. An do kéint een eppes änneren, mengt de Jean-Claude Franck, well do hunn déi betraffe Medienhaiser och ee Wuert matzeschwätzen:
“Ech mengen et sollt een do dra schreiwen, datt de Choix zwar wuel bei de Parteie läit, mee datt d’Medienhaiser d’Recht hunn, dat ze refuséieren, wann den Equiliber tëscht Mann a Fra net gutt ass. Dann hätt een d’Méiglechkeet do dann nach entgéint ze wierken. Sou wéi et haut formuléiert ass, huet een déi Méiglechkeet net wierklech.”
Paritéit am Medienhaus selwer
Wourop een nach kéint oppassen, wier intern am Medienhaus op Paritéit ze setzen, mengt de Roland Arens.
“A mir hunn natierlech och gekuckt fir bei den Debaten, dat ass iech sécher och opgefall, datt mer do ëmmer zwee Leit aus der Redaktioun an der Moderatioun haten, an déi waren natierlech paritéitesch besat, dat heescht dat war ëmmer ee Mann an eng Fra.”
Wéi paritéitesch esou politeschen Table-ronde viru Walen ausgesi läit also net nëmmen an den Hänn vun den Organisateuren mee och an deene vun de Parteien, esou d’Konklusioun vun den dräi Chefredakteren.