Direkt nieft der Strooss, am Dall vun der Our, zitt sech ee Fiels aus Schifer e puer Meter bis erop an de Bësch. Et ass eng Fielswand, déi no Nord-Osten ausgeriicht ass, ni prall Sonn ofkritt, an dowéinst méi ee killt a fiicht Ëmfeld bitt. De perfekte Liewensraum fir déi rar Planz.
Eng ganz rar Planz
Wärend der Äiszäit wier se hei an Europa vill méi heefeg virkomm. Zu deem Zäitpunkt gouf et nämlech an eise Géigende kee Bësch, mee ee méi stengege Buedem, op deem se besser wuesse konnt. Du wou d’Äis awer zeréckgaange war, sinn och nees Beem gewuess, wat de Liewensraum vum Steinbrech ageschränkt huet.
D’Planz ass mëttlerweil esou rar, datt se just nach an e puer europäesche Gebidder virkënnt. Dat ënner anerem an den Ardennen, an de franséische Jura-Bierger an an Tschechien. Et wieren isoléiert Bestänn, déi een och scho genee ënner d’Lupp geholl huet, esou d’Tania Walisch.
“Do hu mir och rausfonnt, datt et eng immens héich genetesch Vilfalt gëtt vun deene Populatiounen, trotzdeem datt se ebe scho säit der Äiszäit warscheinlech fragmentéiert sinn, a kleng an isoléiert. Dann hu mir awer och erausfonnt, datt et Gen-Floss muss gi sinn tëscht deene Populatiounen. Dat heescht, een Austausch, ee geneeteschen Austausch iwwer Pollen oder Som, muss et iergendwa gi sinn. Wat dann eben och déi Hypothees, datt et eng Äiszäit-Planz ass, bestäerkt. Dat heescht, datt an där Zäit ebe vill méi Austausch war, well se do méi heefeg war, an datt et eng Verbindung gouf tëscht all deene Populatiounen, déi een elo just nach zerstéckelt op der Landkaart gesäit.”
![De Sponheimer Steinbrech ass mëttlerweil esou rar, datt e just nach an e puer europäesche Gebidder virkënnt. | © Joé Birchen De Sponheimer Steinbrech ass mëttlerweil esou rar, datt e just nach an e puer europäesche Gebidder virkënnt. | © Joé Birchen](/1_Foto/100komma7.lu/111184/image-thumb__111184__base_thumbnail/Sponheimer.13990f21.jpg)
D'Etabléiere vun der Vegetatioun am A behalen
Op enger Dose Plazen hei am Land wiisst de Sponheimer Steinbrech souguer nach wëll, mee fir de Rescht sidelt den natur musée en op aacht weidere Sitten un. “Assistéiert Migratioun” nennt sech dat, an dobäi hëlleft de Mënsch der Planz sech ze verbreeden, an zwar do, wou ee weess, datt se wuesse kéint, mee et net vum selwen hi packt.
Verschidde vun deene Plaze sinn deemno wéi direkt op Aenhéicht um Fiels. Anerer sinn awer net esou accessibel, a vill méi héich. Do brauch ee schonn ee System fir d’Entwécklung genee am A ze behalen. Ënner anerem kënnt do een Datalogger zum Asaz. Ee klengen elektroneschen Apparat, deen automatesch iwwer d’Zäit d’Ëmweltbedingungen ophëlt. Esou huet een dann zum Beispill eng akkurat Opzeechnung vun Temperatur a Loftfiichtegkeet, wouduerch een nach méi iwwer d’Besoine vun der Planz erausfënnt.
An zéng Joer wéisst ee méi genee, wéi an ob sech d’Populatiounen etabléieren. Mee et huet een no dësen éischte Méint vum Projet awer och schonn e puer virleefeg Resultater.
“Do hu mir mat der Vegetatioun gekuckt, hëlleft déi oder net, fir d'Etabléieren. An do hu mir erausfonnt, datt am Fong de Som an d'Jongplanze besser ukommen, wann een d'Vegetatioun virdrun ewech hëlt, op deem klenge Virsprong, wou ee se dann ausbréngt.”
![D'Tania Walisch ass Botanikerin am Naturmusée. | © Joé Birchen D'Tania Walisch ass Botanikerin am Naturmusée. | © Joé Birchen](/1_Foto/100komma7.lu/111187/image-thumb__111187__base_thumbnail/Tania%20Walisch_2.090d569f.jpg)
Nach méi iwwer d'Planz erausfannen
Aus 500 Som-Käre ginn an der Moyenne sechs Planzen, a vu fënnef ausgesate packt et eng méi grouss ze ginn. Proportional gesi bréngt also eng jonk Planz méi, mee et wier méi effikass op de Som se setzen, well een do méi séier a mat manner Opwand virukënnt.
“Dofir probéiere mir och, d'Planze relativ héich um Fiels auszebréngen, fir datt se eben de Som kann erofrieselen, an dee ganze Fiels am Fong esou besat gëtt vu Planzen. Wann ee se lo ënne setzt, da ka se eigentlech just nach op d'Strooss falen, oder op de Wee.”
De Sponheimer Steinbrech ass insgesamt nach net vill erfuerscht, a well en esou rar ass, wier een als natur musée motivéiert, nach méi iwwer déi Planz erauszefannen. Et wäert ee weider mat den Naturparken Our an Uewersauer schaffen, a bei déi aacht Sitte sollen der d'nächst Joer nach zwee bäikommen.