Radioen

On air

Notturno  |  Jaakko Eino Kalevi - Drifting Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Pirate gewanne knapps dee Sëtz, deen déi gréng verléieren

Walbezierk Norden

D'Pirate gewanne knapps dee Sëtz, deen déi gréng verléieren

Et blouf bis zur leschter Gemeng, déi d'Stëmmen ausgezielt huet, spannend: De Sëtz, deen déi gréng am Norde verluer hunn, geet un d'Piraten. Reng no Prozenter gekuckt gëtt et am Éislek zwar e klore Verléierer, awer keen esou klore Gewënner. Villes bleift beim Alen.

auto_stories

3 min

Et war bis zum Schluss spannend am Norden (9 Sëtz an der Chamber). Scho fréi war kloer, datt déi gréng hiren eenzege Sëtz géinge verléieren. Mee eréischt mat de Stëmmen aus der leschter Gemeng, déi ausgezielt gouf, ass d‘Entscheedung gefall: D‘Pirate kréien ee Sëtz am Norden. D‘LSAP verpasst hiren zweete Sëtz nëmme ganz knapps.

Dobäi gouf et nëmme wéineg Verännerungen am Walresultat. Eenzeg bei déi gréng gouf et e staarken Aschnëtt. All déi aner Parteie leien no un hirem Resultat vun 2018. Déi stäerkst Gewënner si Fokus (3,14 %), den ADR (+2,25 Prozentpunkten op 12,04%) a Liberté-Fräiheet (+1,57%).

D'Pirate gewannen ee Sëtz am Norde bäi

D‘Pirate wannen hire Sëtz, obwuel se just 0,04 Prozentpunkten dobäi wannen: vun 7,67 op 7,71 %. Gewielt ass de Ben Polidori (33 Joer). Viru fënnef Joer haten d‘Pirate sech nach mam PID vum féieren ADR-Deputéierte Jean Colombera zesummegedoen, deen och Éischtgewielte war.

D‘Verloschter vun déi gréng loosse sech net duerch Personalwiessel erklären. De Minister Claude Turmes an d‘Deputéiert Stephanie Empain goufen, wéi 2018, nees als Éischt gewielt. Mee mat 6,68 %, e Minus vu ganze 6,3 Prozentpunkten, ass et net méi fir ee Sëtz duergaangen.

D‘CSV ass stärkste Partei am Norde bliwwen a behält véier Sëtz. Den Ofgang vum Marco Schank a vum Aly Kaes huet déi Chrëschtsozial net dovunner ofgehalen, nees knapp een Drëttel vun de Stëmmen ze kréien (33,08 géint 32,23 %). Gewielt sinn d‘Martine Hansen, den aktuellen Europadeputéierte Christophe Hansen, de Charel Weiler an den Emile Eicher.

D'LSAP bleift bei engem Sëtz

Bei der LSAP, déi ouni de fréiere Minister a Wolzer Buergermeeschter Romain Schneider ugetruede war, bleift et bei engem Sëtz, deen nees un de Claude Haagen geet. Hie war Ufank 2022 an d‘Regierung komm. D‘LSAP verléiert liicht Stëmmen, mat 15,29 % géintiwwer 15,87 % bei de Walen 2018.

Bei der DP, als zweetstäerkste Kraaft, bleift och alles beim Alen: Gewielt sinn de Chamberpresident Fernand Etgen an den André Bauler. Och bei de Liberale bleift d‘Resultat bal onverännert mat 17,55 % géint 17,13 % viru fënnef Joer.

D'ADR leet bäi

Den ADR konnt dogéint zouleeën, och wann et bei engem Sëtz bleift. Si klamme vun 9,79 op 12,04 %. Gewielt ass nees den Deputéierte Jeff Engelen. D‘ADR huet also déi intern Dissensen, déi dozou geféiert hunn, datt e puer Comitésmemberen op der Lëscht vu Liberté-Fräiheet ugetruede sinn, gutt iwwerstanen.

D‘Lëscht vu Liberté-Fräiheet ass op 1,57 % komm. Besser huet et Fokus gemat. Mee mat 3,14 % bleift d‘Partei wäit vun engem Sëtz ewech, och wa si besser wéi déi Lénk (vun 3,53 % erof op 2,59 %) ofschneit. Déi Konservativ kommen op 0,36 %.

Wann déi gréng deemno de klore Walverléierer sinn, ass et zumindest bei de Wielerstëmmen net kloer, wien am meeschten dovunner profitéiert huet. De Sëtzgewënn vun de Piraten erkläert sech op alle Fall manner duerch hiert Walresultat am Absolutten, mee méi duerch hir relativ Positioun par Rapport zu den anere Parteien, nodeems déi gréng bis op déi 6. Plaz ofgerutscht waren.