Een halleft Joer ass et hier, datt den Donald Trump ee Friddensplang fir d'Gazasträif annoncéiert huet. Do kritt een awer bis haut wéineg dovu mat. De Musallam Abu Khalil ass Dokter am Nasser Spidol zu Khan Yunis. D'Situatioun géif ëmmer schlëmmer ginn, beschreift hien am 100,7-Interview.
Medikamenter gi weiderhin net duerchgelooss
Am Ofkommes huet Israel zwar zougestëmmt, esou vill Camionen duerchzeloossen, wéi virun hirem Krich. Mee vill noutwenneg Produite loosse si net eran, wéi beispillsweis Medikamenter. Den Abu Khalil seet, vill vu senge Patiente kéinte mat einfache Medikamenter gerett ginn.
Déi kleng Saache géife keng Schlagzeile maachen, mee iwwer d'Zäit géif d'Doudeszuel onnéideg weider an d'Luucht goen.
Iwwer 70.000 Palästinenser huet Israel zënter dem 7. Oktober 2023 an der Gazasträif ëmbruecht, esou d'Zuele vun hirem Gesondheetsministère. Israel hält iwwer d'Hallschent vun der Regioun militäresch besat. Déi iwwer zwou Milliounen Awunner:inne goufen an deen aneren Deel verdriwwen.
Et gëtt keen Ausbléck, datt hir Situatioun sech verbessere wäert.
Grouss Annonce vum Trump: 3 Joer fir den Erëmopbau
Well d'Opmierksamkeet elo op den Iran an op de Libanon geriicht wier, wier d'Gazasträif an den Hannergrond gerutscht, esou den Abu Khalil. Fir d'Leit hätt dat och psychologesch Auswierkungen.
Eigentlech sollt d'Rekonstruktioun vun der Gazasträif zënter Januar amgaange sinn. Den Donald Trump hat a sengem Board of peace annoncéiert, bannent just dräi Joer Gaza nees opbauen ze wëllen.
Iwwerall wou ee géif hikucken, géif ee just Ruine gesinn, esou den Dokter.
Firwat ass bis haut näischt geschitt?
Engersäits léisst Israel den neien administrative Comité net eran, well d'Hamas net entwaffent wier, esou d'Erklärung. Dozou goufen et gëschter Verhandlunge mat der Hamas an deem Board of peace.
Et wier ee politesche Pretext vun Israel fir d'Reconstructioun ze verhënneren, seet den Dokter. Well realistesch wier d'Zil souwisou net.
Iwwerdeems feelen dem Board of peace d'Sue fir d'Reconstructioun.
70 Milliarden néideg - Mol nach keng eng zesummekomm
Net mol eng Milliard US-Dollar wiere bis elo zesummekomm, mellt d'Noriichtenagence Reuters. Dobäi sollt et 70 Milliarden Euro kaschten.
Eigentlech sollten d'Golf-Staaten ee groussen Deel vun der Finanzéierung iwwerhuelen. Mee elo sinn déi Länner esou massiv vum Iran ugegraff ginn, datt ee Schued vu ronn 120 Milliarden US-Dollar entstanen ass. Éier déi Länner d'Gazasträif nees kënnen opbauen, musse si fir d'éischt hir eegen Infrastrukture flécken.
Palästinenser, wéi den Dokter Abu Khalil hunn dowéinst Angscht, datt sech un hirer Situatioun fir de Moment näischt ännert.