Radioen

On air

Spektrum  |  Marcus King - Hero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ost-Ukrain geet am Schnéi ënner - Och Däitschland ass geplot

Wanter an Europa

D'Ost-Ukrain geet am Schnéi ënner - Och Däitschland ass geplot

An der Ost-Ukrain suergt am Moment ee schwéiere Schnéistuerm iwwer dem Schwaarze Mier fir Chaos an Doudeger. Och Däitschland ass geplot: 50 Leit hu missen zu Wiesbanden an enger Schoul iwwernuechten.

auto_stories

2 min

D'Plage um Schwaarze Mier zu Odessa ass mat Schnéi bedeckt. (Foto: picture alliance / Photoshot)

Engem leschte Bilan no sinn an der Ukrain zéng Mënschen ëm d‘Liewe komm an 23 si blesséiert ginn. Ënnert den Affer wieren och zwee Kanner. Am schlëmmste wier d‘Situatioun an der Regioun Odessa: do ass an Honnerten Uertschaften de Stroum ausgefall. Stroossen hu misste wéinst dem ville Schnéi gespaart ginn.

Och d‘Gebitt Charkiw ass betraff, grad wéi de Süde vu Russland. Trotz dem Schnéi géifen awer d‘Kämpf tëscht den ukraineschen a russeschen Truppen an der Ostukrain weidergoen, mellen d‘Medien. 

Chaos och an Däitschland

De Wanter huet dann och Deeler vun Däitschland fest am Grëff. Wanterlech Wiederkonditiounen hunn an e puer Länner Accidenter a Chaos provozéiert. Zwee Mënschen si bei Accidenter ëm d‘Liewe komm, een dovun a Rheinland-Pfalz. Nieft Schnéi a Glatäis si vill Beem op Stroosse gefall. Zu Wiesbaden hu 50 Leit an enger Schoul missen iwwernuechten, well kéng Busse méi konnte fueren.

Schnéichaos an Däitschland. | © picture alliance/dpa | Helmut Fricke
Schnéichaos an Däitschland. (Foto: picture alliance/dpa | Helmut Fricke)

Am Bundesland Hessen souzen eng 100 Leit stonnelaang an hiren Autoe fest, well Beem op d‘Stroosse gefall waren. Fir haut gëtt a villen Deeler vun Däitschland rëm änlech vill Schnéi a Schnéireen erwaart.

Um Frankfurter Fluchhafe sinn de Moien iwwer 160 Volle wéinst dem Schnéi annuléiert ginn.