Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Villes onkloer: D'Oppositiounsparteie kritiséieren de Staatsbudget

Budgetsprojet 2024

Villes onkloer: D'Oppositiounsparteie kritiséieren de Staatsbudget

Villes am Staatsbudget bleift nach ganz vag, soen d’Oppositiounsparteien an der Chamber. Si vermësse konkret Detailler, ënnert anerem och iwwer d’Spuermesuren an a punkto Sozialpolitik.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Et kéint een net direkt vun Austeritéitspolitik schwätzen, betount d’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding, an enger éischter Reaktioun nom Budgetsdepot. Wann ee wéisst, datt d’Betribssteier an engem éischte Schrëtt erofgeet, dann heescht dat och, datt weider Schrëtt solle kommen.

Villes géif onkloer bleiwen

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson vergläicht de Budget mat engem Wollef an engem Schofspelz, well vu manner Staatsschold geschwat gëtt, vu manner Steieren, wou gespuert soll ginn läit awer net vir.

"Op där anerer Säit awer eng wichteg Part vu Recetten, nämlech déi vun den Betribsbesteier, soll reduzéiert ginn, sou datt mer eis froen, si mer elo hei rëm bei der Voodoo-Economics oder gëtt eis net alles gesot?"

Dat wonnert de Sven Clement vun der Piratepartei guer net. Virun den Europawale géif d’Regierung nach net mat de Spuermoossname kommen.

ADR: Ze héijen Defizit, méi Spuerefforten néideg

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup fënnt, datt den Defizit ze héich ass, et muss méi gespuert ginn. Den David Wagner vun déi Lénk fënnt, datt een nei Recetten op déi richteg Plaz siche misst goen.

Den DP-Deputéierten André Bauler nennt dee Budget, ee Budget vun der Solidaritéit, deen op e staarke Sozialstaat géif setzen. Och d’CSV-Deputéiert a Budgetsrapporter Diane Adehm gesäit an deem Budget vill Akzenter fir d’Famillen.

Lauschterenplay_arrow