Am stäerkste wier d'Diskriminéierung op der Aarbechtsplaz, esou d'Etude. Niewent der ethnescher Hierkonft erliewe Leit awer och Diskriminéierung wéinst hirer sexueller Ausriichtung, dem Geschlecht oder engem Handicap. Dacks kéint een d'Forme vun der Diskriminéierung awer net richteg gräifen, esou Susanne Van Tonder, Presidentin vum CET. Eng Ursaach dofir wier, datt de Kompetenzberäich vum CET, dem Centre pour l'Egalité de Traitement, an Punkto Diskriminatioun net kloer definéiert wier.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ D'Nationalitéit bleift bei eis dee gréisste Facteur fir Diskriminéierung
Gesellschaft
D'Nationalitéit bleift bei eis dee gréisste Facteur fir Diskriminéierung
Dat geet aus enger Ëmfro vun der Ilres am Optrag vum Centre pour l'Egalité de Traitement, kuerz CET ervir. De Resultater no wieren et virun allem jonk Männer, déi eng Diskriminéierung wéinst hirer Nationalitéit erliewen.
auto_stories
1 min
Foto: Bigstock / 1STunningArt