Radioen

On air

Notturno  |  James Blake - Before

play_arrow Live
search

/ D’Margret Steckel gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur

Lëtzebuerger Buchpräis

D’Margret Steckel gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur

D'Margret Steckel ass ënner fënnef Konkurrenten a Konkurrentinne vum Jury fir hir Novell “Mutterrache” ausgezeechent ginn. An dësem Wierk thematiséiert si d'Einsamkeet vun enger eelerer Fra an hir Roserei op hir erwuessen Duechter, mat där de Kontakt ofgebrach ass. Weider Präisser ginn un den Yves Schmitz an un d'Diane Orban a Myriam Karels.

auto_stories

1 min

Foto: Michel Delage

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg sinn zu Walfer d'Laureatinnen a Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn. 

An der Kategorie Sachbuch ass den Yves Schmitz fir säi Wierk "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht" (capybarabooks + Richtung22) vum Jury ausgezeechent ginn. 

An der Spart vu Kanner-a Jugendliteratur huet d'Kannerbuch "Et rabbelt an der Broutgaass” vun der Diane Orban a Myriam Karels de Jury am meeschten iwwerzeegt.

E spezielle Präis geet och un e Buch, dat de beschten Design virzeweisen huet. Do huet de Jury sech op "wild site" vu Point Nemo Publishing gëeenegt.

Am Jury waren:

  • Florence Sunnen
  • Romy Hellinghausen
  • Joe Mathieu
  • Isabel Spigarelli
  • Henri Schoetter

Fir d'éischte Kéier gëtt et fir all Kategorie ee Publikumspräis. Do sinn d'Laureaten a Laureatinnen:

  • Literatur: Béischten - Jhemp Schuster
  • Sachbuch: Luxembourg war nie eine Kolonialmacht - Yves Schmitz, capybarabooks + Richtung 22
  • Kanner- a Jugendbuch: Et rabbelt an der Broutgaass - Diane Orban & Myriam Karels, éditions guy binsfeld