Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg sinn zu Walfer d'Laureatinnen a Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn.
An der Kategorie Sachbuch ass den Yves Schmitz fir säi Wierk "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht" (capybarabooks + Richtung22) vum Jury ausgezeechent ginn.
An der Spart vu Kanner-a Jugendliteratur huet d'Kannerbuch "Et rabbelt an der Broutgaass” vun der Diane Orban a Myriam Karels de Jury am meeschten iwwerzeegt.
E spezielle Präis geet och un e Buch, dat de beschten Design virzeweisen huet. Do huet de Jury sech op "wild site" vu Point Nemo Publishing gëeenegt.
Am Jury waren:
- Florence Sunnen
- Romy Hellinghausen
- Joe Mathieu
- Isabel Spigarelli
- Henri Schoetter
Fir d'éischte Kéier gëtt et fir all Kategorie ee Publikumspräis. Do sinn d'Laureaten a Laureatinnen:
- Literatur: Béischten - Jhemp Schuster
- Sachbuch: Luxembourg war nie eine Kolonialmacht - Yves Schmitz, capybarabooks + Richtung 22
- Kanner- a Jugendbuch: Et rabbelt an der Broutgaass - Diane Orban & Myriam Karels, éditions guy binsfeld