Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Synthesis - Dear Dear

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Heescheverbuet: D'LSAP wëllt d'cellule scientifique vun der Chamber saiséieren

Gesellschaft

Heescheverbuet: D'LSAP wëllt d'cellule scientifique vun der Chamber saiséieren

D’LSAP Fraktiounschefin Taina Bofferding kann dem neien Inneminister Léon Gloden seng Interpretatioun iwwert d’Stater Heescheverbuet juristesch an ethesch net gutt heeschen. Dat sot déi fréier Inneministesch haut den Donneschdeg de Moie virun der Press. D’LSAP wëll elo d’cellule scientifique vun der Chamber saiséieren, fir z’iwwerpréiwen, ob déi nei Dispositioune konform zu der Verfassung sinn.

auto_stories

2 min

Heeschert | © picture alliance / Caro | Bastian
Heeschert (Foto: picture alliance / Caro | Bastian)

Onkloer bleift, wie konkret vum neien Heescheverbuet viséiert ass. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, wéi och den neien Inneminister Léon Gloden hätte gëschter an der Chamberkommissioun preziséiert, datt een nëmme géint déi aggressiv Mendicitéit virgoe wéilt, heescht et vun der LSAP. Dat geet awer aus dem Text vun dem neie Policereglement net kloer ervir, kritiséiert déi fréier Inneministesch Taina Bofferding.

“Wann een den Text liest, steet do ‚toute autre forme‘ an am Artikel virdru steet, déi aggressiv an organiséiert Mendicitéit ass verbueden. A wéi gesot am nächste Saz heescht et ‚toute autre forme‘. Jo dat ass d’mendicité simple, dat ass déi einfach Heescherei. Déi verbidde si am Endeffekt awer.”

D'Police hätt schonn déi néideg Moyenen, sou d'LSAP

D’LSAP versteet net, wéi d’Police mat dësem Widdersproch an der Praxis ëmgoe soll. Et géif nämlech onkloer bleiwen, wou déi sougenannte mendicité simple ophält, an déi aggressiv Mendicitéit ufänkt. Ofgesinn dovun hätt d’Police, och elo schonn iwwert de Code pénal, déi néideg Moyenen, fir géint aggressiivt Verhalen an der Ëffentlechkeet virzegoen. Dat selwecht gëllt fir déi organiséiert Mendicitéit, erkläert den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.

“Wëll et ass amfong Mënschenhandel. Strofrechtlech kann dat poursuivéiert ginn.”

D’LSAP ass sech sécher, datt dat neit Reglement net konform mat der Verfassung, betount den Dan Biancalana. “Also Artikel 37 vun der Verfassung ass kloer: All Aschränkung vun der Fräiheet muss iwwert ee Gesetz geregelt ginn.”

Lauschterenplay_arrow