D’Parteipresidentin Francine Closener sot de Moien am 100,7-Interview, et wier ee sech mat der CSV an Negociatiounen iwwert ee Regierungsprogramm eventuell souwisou net eens ginn. Et géif ee programmatesch wäit ausernee leien an d’LSAP wier net bereet, “hir Séil ze verkafen, fir coûte que coûte an d’Regierung ze kommen”, sou d’Francine Closener.
Am spéide Moien ass d’LSAP-Fraktioun fir eng éischt Sëtzung no de Walen zesumme komm. Fir de Moment géif et sou ausgesinn, wéi wann all déi direkt gewielt Kandidaten – also och d’Nach-Ministeren - hiert Mandat an der Chamber géifen unhuelen, sou d’Francine Closener.
Direkt dorop ugeschwat huet den Nach-Ausseminsiter Jean Asselborn eis schrëftlech matgedeelt, d’Fro, ob hien an d’Chamber geet oder net géif sech réischt stellen, wann hien net méi Minister wier. Ob d’LSAP Spëtzekandidatin Paulette Lenert d’LSAP-Fraktioun an der Chamber wäert leede wier iwwerdeems nach net decidéiert, sou nach d’Francine Closener.