D’Pläng si vum Escher Architekt Jim Clemes a gesinn ënner anerem eng Vergréisserung ëm ronn 2.000 Meter Carré vir, grad wéi eng komplett Sanéierung vun deem fréiere Schluechthaus.
Béides wier och dringend néideg, betount den Direkter vun der Kufa, René Penning.
“Mir hunn e ganz Koup Säll déi sinn immens brut, déi sinn net PMR-frëndlech. Dat heescht fir Personnes à mobilité réduite ass bei eis iwwerhaapt net méiglech op den éischte Stack ze kommen et ass energeetesch an engem schlechten Zoustand och akustesch mir hunn héich Stroumrechnungen, héich Gasrechnungen. Eben doduerch, datt et e Gebai war, wat ee Schluechthaus war an net als Kulturzentrum gebaut ginn ass."
Mat dësem Ëmbau soll d'Gebai iwwerdeems och den Entwécklungsprojeten vun der Kufa-Ekipp gerecht ginn.