Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Kanner sinn déi onschëlleg Affer vun de Konflikter

Den Hallwer Néng

D'Kanner sinn déi onschëlleg Affer vun de Konflikter

264 Millioune Kanner weltwäit ginn net an d’Schoul. 150 Millioune Kanner musse schaffen. 1,25 Dollar kascht et pro Dag a pro Kand, fir een Enseignement ze erméiglechen. 40 Millioune Kanner a Jugendlecher sinn op der Flucht.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Den 20. November, haut aacht Deeg also, ass de Weltkannerdag, deen op der Kannerrechtskonventioun baséiert, déi 1989 agesat gouf, an domadder d'Kanner eng Stëmm kruten. 54 Artikelen huet déi Konventioun, an et ass wichteg dorun ze erënneren. Besonnesch den Ament, wou d’Konflikter an der Welt zouhuelen, et brauch ee just un den Ukrain-Krich an d'Eskalatioun am Noen Osten ze denken.

Invité ass de Paul Heber, Responsabele fir d’Communication bei UNICEF Lëtzebuerg.