Wéinst dem Ausmooss vu Gewalt a Misere am Gaza misst all Militäraktioun direkt fir sechs Woche gestoppt ginn, sou d‘Vizepresidentin. D‘Regierung Netanjahu misst méi maache fir der Populatioun ze hëllefen, et géife keng Excusë ginn, sou d‘Harris. Et war dee bis elo däitlechsten Appell un Israel. D‘Harris huet an engems Verhandlunge verlaangt, déi et géifen erlaben d‘Geisele fräi ze kréien an Hëllefsgiddder an de Gaza ze bréngen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ D'Kamala Harris fuerdert eng Waffepaus an der Gazasträif
Noen Osten
D'Kamala Harris fuerdert eng Waffepaus an der Gazasträif
Déi amerikanesch Vize-Presidentin Kamela Harris huet Israel opgefuerdert d‘Waffen am Gaza direkt néierzeleeën an eng Waffepaus vu sechs Wochen anzehalen.
auto_stories
1 min
Kamala Harris (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Leigh Vogel - Pool via CNP)