arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’HRS confirméieren 100,7-Meldung, datt den Dr. Wilmes säin Agrement verléiere wäert

Affär Wilmes

|
headphones

1 min

D’HRS confirméieren 100,7-Meldung, datt den Dr. Wilmes säin Agrement verléiere wäert

D’Hôpitaux Robert Schuman confirméieren 100,7-Meldung aus der Mëttesstonn, datt den Dr. Philippe Wilmes säin Agrement verléiere wäert. D’Spidol hätt de Chirurg gëschter convoquéiert an em matgedeelt, datt eng Zesummenaarbecht mam Dokter net méi méiglech wier, heescht et an engem kuerze Communiqué.

headphones

1 min

© picture alliance / Horst Galuschka dpa | Horst Galuschka
(Foto: picture alliance / Horst Galuschka dpa | Horst Galuschka)

D’Prozedur fir d’Resiliatioun vum Agrements-Kontrakt wier am Gaangen. Wéi mir dat gemellt haten, huet de Philippe Wilmes d’Kënnegung vum Agrement bis elo just mëndlech mee nach net schrëftlech matgedeelt kritt.

Den Dokter Wilmes kritt vun aneren Doktere reprochéiert gesond Kräizbänner operéiert ze hunn. Hien ass dowéinst am Januar vum Spidol um Kierchbierg a vum Gesondheetsministère suspendéiert ginn. Den Dokter dementéiert d’Virwërf.

Eisen Informatiounen no hunn d’Hôpitaux Robert Schuman d’Virwërf vun engem franséischen Expert iwwerpréiwe gelooss. Et wier op Basis vun där Expertise, datt de Groupe HRS dem Dokter Wilmes den Agrement ofhuele géif, esou eis Sourcen, déi mat der Matière vertraut sinn, mee net wëlle mam Numm genannt ginn.