Radioen

On air

Moiesstudio  |  Toploader - Dancing In The Moonlight

play_arrow Live
search

/ D'Grippefäll sinn d'lescht Woch staark an d'Luucht gaangen

D'Santé mellt

D'Grippefäll sinn d'lescht Woch staark an d'Luucht gaangen

De Santésministère deelt mat, datt d‘lescht Woch 988 Fäll deklaréiert goufen. Dat ass eng Hausse vun iwwer 40 Prozent an enger Woch. Och den nationale Labo mellt, datt am Moment de Grippevirus staark hei am Land zirkuléiert.

auto_stories

1 min

Illustratioun Gripp | © picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod
Illustratioun Gripp (Foto: picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod)

Och d‘Fäll vum RS-Virus, deen d‘Otemweeër befällt, si geklomm, vu 15 op 26 Fäll. Mee de Pic vun den RSV-Fäll war am Dezember, sou d‘Santé.

Par conter hunn d‘Covid19-Fäll sech stabiliséiert. Och de Positivitéitstaux ass zeréckgaangen, grad wéi d‘Konzentratioun vum Virus an den Afwässer.