E Kënschtler mat engem kënschtlereschen Numm
Dem Gittarist säi ganzen Numm ass Miloš Karadaglić, mee bekannt ass hien zemools mat sengem Kënschtlernumm “Miloš”, also sengem Virnumm. Säi Familljennumm huet eng spezifesch Bedeitung. Karadağ ass Tierkesch – Kar heescht däischter, an Dağ bedeit Bierg – also den däischtere Bierg. An am Tierkesche bedeit Karadağ och “Montenegro”. An de Miloš Karadaglić kënnt och aus dem Montenegro.
Musek aus dem Barock, och manner bekannt
Um Album ass nëmme Musek aus der Zäit vum Barock, vu ganz diverse Komponisten aus ganz Europa. Ënnert anerem vum Händel, Vivaldi an och vum Johann Sebastian Bach. Et sinn och franséische Komponiste wéi de Couperin an de Rameau mat drop. Et gëtt och Musek gespillt vun zwee Komponisten, déi een net sou dacks op Programmatioune fënnt. Dat sinn de Silvius Leopold Weiss aus Däitschland an den Alessandro Marcello vu Venedeg.
D’Gittar zum Sange bréngen
Vill vun de Wierker op dësem Album spillt de Miloš zesumme mam brittesche Kammerorchester “Arcangelo”. Eleng héiert een hien awer och. Do stécht ee Wierk besonnesch eraus – dat ass d’Chaconne vum Johann Sebastian Bach. Dat komplext a laangt Stéck ass original fir Gei geschriwwent, an de Miloš huet sech deem Challenge hei och gestallt. De Miloš léisst seng Gittar do quasi sangen – an dat ass och dem Gittarist säi Motto: “The instrument needs to sing”.