Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerkschaften: Energiepräissubventioun muss verlängert ginn

Géint en Inflatiounsschock

Gewerkschaften: Energiepräissubventioun muss verlängert ginn

Déi staatlech Energiepräissubventioun huet et méiglech gemaach, datt d’Inflatioun hei am Land op engem méi niddregen Niveau bliwwen ass, huet de STATEC festgestallt. Wann dësen Deckel dat nächst Joer net méi géif spillen, da géif de Gaspräis 2025 ëm 17 Prozent klammen, an de Stroumpräis ëm 60 Prozent, hat d’Statistikverwaltung d’lescht Woch gewarnt.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Zoonar | stockfotos-mg

Am Energieministère gëtt de Moment u méigleche Mesurë fir 2025 geschafft ginn, esou d’Äntwert aus deem Ministère. Ee konkrete Virschlag soll den Energieminister Lex Delles dem Regierungsrot an den nächste Wochen ënnerbreeden, esou d’Prezisioun.

Der OGBL-Presidentin Nora Back no, hätt de STATEC elo confirméiert, datt et zu engem Inflatiounschock kéim, wann d’Mesurë fir d’Energiepräisser net géife verlängert ginn.

Fir den OGBL wier et dowéinst wichteg, datt d‘Mesurë weider verlängert ginn.

„Wéi dat elo genee gemeet gëtt, dat muss am Detail gekuckt ginn. Mee mir brauchen eng Verlängerung vun den Deckelen op den Energiepräisser an där enger Form oder an där anerer.“

LCGB: Energiepräisser an aner Sujeten zesumme mat de Gewerkschaften diskutéieren

De Patrick Dury ass och der Meenung, datt d‘Mesurën, déi am Kader vun enger Tripartite geholl gi sinn, verlängert musse ginn.

An esou enger Ronn tëschent Regierung a Sozialpartner, misst et och ënner anerem méi generell ëm déi ekonomesch Situatioun goen, esou d’Fuerderung vum LCGB-President ee Mount virun de Sozialwalen.

D’Mesurë fir d’Energiepräisser ze bremsen, missten erëm am Sozialdialog diskutéiert ginn, esou och d'Presidentin vum OGBL. D’Nora Back seet awer och „datt et net onbedéngt néideg wier eng Tripartite zu deem enge Punkt anzeberuffen „mee et kann een et awer an enger anerer Form zu dräi ronderëm een Dësch diskutéieren, wéi zum Beispill ënnert engem Energiedësch sech kuerzfristeg gesinn a just zu deem dote Punkt Decisiounen ze huelen.“

OGBL: De Staat muss den néidege Spillraum schafen

De Patrick Dury vum LCGB erënnert dorun, datt d’Zil vum Energiepräisdeckel net gewiescht wier, fir sozial selektiv ze sinn, mee fir d‘Inflatioun ënner Kontroll ze kréien, wat jo och gegléckt wier.

„Well wann ee kuckt – wat de STATEC och gesot huet – wéi vill Indextranchen erfall wieren, wann dat do net gemaach gi wier, hätte mer ganz aner Problemer hei am Land gehat.“

Et misst een de finanzielle Spillraum schafen, fir déi staatlech Moossname fir d’Energiepräisser virun ze deckelen, fuerdert d’Nora Back vum OGBL.

„Ech sinn der Meenung, dass dat doten noutwenneg ass. Et gehéiert zu deenen Depensen, déi als Investitioun musse gesi ginn.“

Wäert de Staat d’nächst Joer genuch finanzielle Spillraum hunn, fir d’Energiepräisser virun ze bremsen?

Wann de Staat genuch Sputt huet fir d‘Steieren erof ze setzen an de Barème unzepassen, misst och Spillraumn do si fir um Niveau vun den Energiepräisser eppes ze maachen, sou den LCGB-President Patrick Dury.

„Mee dat mussen u sech eis déi Leit eis da soen, déi do d’Heft an der Hand hunn, dat ass de Finanzminister.“

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft