search

/ D’Gemeng Déifferdeng ass Affer vu engem Bedruch vun 400.000 Euro ginn

Lokal

|
reading time

1 min

D’Gemeng Déifferdeng ass Affer vu engem Bedruch vun 400.000 Euro ginn

D'Gemeng huet 400.000 Euro op e falsche Kont iwwerwisen. Dat huet den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch de Moien am Déifferdenger Gemengerot ugekënnegt. Am Kader vum Bauprojet vum Gemengenhaus zu Déifferdeng hat d’Gemeng eng Rechnung vun enger Baufirma fir dee Montant kritt.

reading time

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Am weidere Verlaf vun der Kommunikatioun huet eng onbekannt Persoun sech Zougang zum Email-Verkéier tëschent der Gemeng, der Baufirma an dem Architektebüro verschaf.

Als Vertrieder vun der Baufirma ausginn 

Den Onbekannten huet sech duenro als Vertrieder vun der Baufirma an dem Architektebüro ausginn an der Gemeng matgedeelt, datt d‘Suen op en anere Kont sollen iwwerwise ginn, wat d‘Gemeng dunn och gemaach huet. De Kont huet sech awer als falsch erausgestallt. 

D'Gemeng huet d'Informatioune gepréift 

Den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch huet de Moien am Déifferdenger Gemengerot betount, dat ganz wier an enger "vermeintlechter verbaler Confirmatioun vum Architektebüro" ofgeseent ginn. Dës hätten hei déi nei Bankverbindung confirméiert.

"Opgrond vun dësen Informatiounen an de virleiende Confirmatiounen huet d'Gemeng d'Bezuelung op dëse Kont virgeholl. Réischt duerno huet se jo erausgestallt, datt d'Bankverbindung net zur Firma gehéiert huet an datt d'Dokumenter an de E-Mail-Verkéier gefälscht waren."

Déi betraffe Servicer hu mëttlerweil hir Sécherheetsmesure verstäerkt. Den Dossier gouf un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet. Eng Demande de Retour, also fir d‘Suen zréckzekréien, gouf initiéiert, mee ouni Succès.