Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - There Is No Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Gefor vu Landminnen an der Gazasträif wäert nach zukünfteg Generatioune betreffen

Handicap International warnt

D'Gefor vu Landminnen an der Gazasträif wäert nach zukünfteg Generatioune betreffen

D'Hëllefsorganisatioun Handicap International kritiséiert, datt d'Krichsgebidder ëmmer méi géifen duerch Landminne verpescht ginn. Dobäi kommen nach aner Sprengkierper, déi net explodéieren. Dat wier eng Menace fir d‘Zivilbevëlkerung a géif déi humanitär Hëllef behënneren. Dat aktuellst Beispill ass d'Gazasträif.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Gaza | © picture alliance/dpa | Omar Ishaq play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Omar Ishaq

Um 4. Abrëll ass den Internationalen Dag vun der Opklärung iwwer Landminnen. D‘UN huet deen Dag viru 15 Joer ageféiert fir op d‘Gefore vu Landminnen a Sprengkierper, déi net explodéieren, opmierksam ze maachen.

D'Leit an der Gazasträif riskéieren hiert Liewen

An der Gazasträif wéisst een net, wéi schlëmm d‘Ausmooss wier, mee et wier kloer, datt d‘Eliminatioun vun de Landminnen nach Generatioune laang géif daueren, esou Handicap Internatioanal. D'ONG huet uechtert Welt iwwer 30 Projeten, an deenen Experten d‘Zivilbevëlkerung iwwer d‘Geforen opklären.

Een dovunner ass de Gary Toombs. Hien ass rezent vun enger Missioun aus dem Gaza zeréckkomm an erkläert, wéi verzweiwelt d‘Mënschen do sinn, well hir Grondbedierfnisser net erfëllt sinn.

"Déi Leit brauchen Iessen, Waasser, a Schutz. Si zéien dat hirer eegener Sécherheet vir, an der Sécherheet vun hirer Famill a Frënn."

An dobäi wäerte si sech wéinst de Landminnen oder anere Sprengkierper schwéier verletzten, oder dowéinst ëmkommen, seet de Gary Toombs.

Et kéint een d‘Gebitter awer net vun de Minne fräimaachen, wann et net zu engem direkte Waffestëllstand kéim, heescht et weider.

Waffestëllstand a méi Hëllef

Dofir, an och réckbléckend op dëse Méindeg, wou siwe Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun enger Hëllefsorganisatioun duerch een israeelesche Loftugrëff ëm d’Liewe koumen, erënnert Handicap International un d‘Bedeitung vun der Resolutioun vum Internationale Sécherheetsrot. Ausserdeem fuerdert een en direkte Stopp vu Waffentransporter, esou d‘Pressespriecherin vun Handicap international an der Belsch.

"Mir erwaarden, datt Israel sech un déi rezent Resolutioun vum UN-Sécherheetsrot hält. Dat heescht, een direkte Waffestëllstand. Mir erwaarden och, datt d'Hëllef fir de ganze Gaza erhéicht gëtt an datt d'Grenziwwergäng opgemaach ginn. Dat ass dee sécherste Wee fir Hëllef ze liwweren."

Handicap International wäert sech eegenen Aussoen no awer net aus der Gazasträif zeréckzéien a weider humanitär Hëllef leeschten. 

Lauschterenplay_arrow