Muer den Owend fänkt fir d’Fussball-Nationalekipp mat engem Auswäertsmatch a Bulgarien en Zyklus vu véier Partien am Grupp 4 vun der Liga C an der Nations League un. Déi aner Matcher sinn en Dënschdeg géint Island, e Samschdeg aacht-deeg an Estland an den Dënschdeg drop géint Bulgarien.
D'Ekipp huet "gewëssenen Ambitiounen"
De Fussball-Nationaltrainer Jeff Strasser sot, seng Ekipp géif mat “gewëssenen Ambitiounen” an déi Nations League eragoen. Och wann de véierfache Rendez-vous eppes Aussergewéinleches ass, an eng Erausfuerderung a Saache Gestioun vum Grupp duerstellt.
De Jeff Strasser fënnt et an deem Kontext wichteg, op Spiller zeréckzegräifen, déi sech kennen a gutt am Grupp eens ginn.
"16 Deeg ass schonn e laangen Zäitraum. Vun e Samschdeg u wäert et och vill Recuperatioun-Preparatioun-Match, Recuperatioun-Preparatioun-Match sinn. Dat ass dann en Enchaînement. Dat gëtt ganz intensiv, mee mir freeën eis och dorobber!”
Performant bleiwen
Den Nationaltrainer ass an deem Kontext frou iwwer d’Wiesselméiglechkeeten, déi hien huet. Schliesslech missten d’Ausfäll vun de Schlësselspiller Seid Korac a Christopher Martins opgefaange ginn.
Virum Hannergrond vun deene véier Partien huet de Jeff Strasser dann och méi Rotatioun an Aussiicht gestallt.
“Wat d'Unzuel vun de Matcher méi gëtt, wat vläicht dann och d'Spilldauer vun deenen Awiesslungszäite méi grouss gëtt, dat ass och normal. A mir si jo frou, datt mir dat kënnen. An dofir hoffe mir, datt dann net nach vill Blessuren dobäi kommen. Do gehéiert eng gutt Gestioun dobäi, eng gutt Récuperatioun.”
Et wier een op deem Gebitt gutt opgestallt, mam medezinesche Staf a mat de Kinéen, fir esou gutt wéi méiglech, wéi een esou schéi seet, “performen” ze kënnen, fënnt de Coach.
Leandro Barreiro: Do fir der Ekipp ze hëllefen
De Leandro Barreiro schéngt net nëmmen an der Nationalekipp, mee och a sengem Veräin Benfica Lissabon eng nei Dimensioun kritt ze hunn.
D'Roll vum Leader vun de Spiller um Terrain an domat dem Jeff Strasser säi Relais um Grings revendiquéiert hie mat Bescheidenheet, awer och mat Bestëmmtheet.
Hie wier do, fir der Ekipp ze hëllefen. An alle Beräicher géif hie seng Experienz gäre weiderginn, well et wichteg wier, datt jiddereen op 100 Prozent wier, esou de Mëttelfeldspiller. Deemno fält dann och seng Äntwert op d’Fro aus, wat hie sech vun deene véier Matcher erwaart.
“Ech ginn op den Terrain fir ze gewannen. An dat ass déi Astellung a Mentalitéit, déi ech gär an d'Ekipp weiderginn. Ech mengen, déi lescht Jore si mir op engem gudde Wee gewiescht, an et geet drëms, den nächste Schratt ze goen.”
Wëllt hien dann och aner, virun allem méi jonk Spiller, mat der Hand huelen, si guidéieren?
“Ech mengen, wou ech selwer méi jonk war, sinn ech och op den Terrain gaangen an ech hu mir gesot: Ech sinn elo hei um Terrain, dann ass et net un anere Spiller, mech elo eropzezéien."
All Spiller huet säi Charakter
Um Terrain wier et un him ze weisen, datt hien et verdéngt hätt, hei ze stoen a seng Qualitéiten op den Terrain ze bréngen, seet den Leandro Barreiro. Et géif natierlech awer verschidden Type vu Mënsche ginn. Déi eng bräichten e bësse méi Support, déi aner si méi "mature" a selbstänneg genuch, fir déi Astellung op den Terrain ze bréngen.
"An elo, fir mech, sinn ech an enger Positioun, wou ech eben erausfanne muss, wéi déi eenzel Spiller sinn a wéi ech hinne beschtméiglech kann hëllefen, fir dass mir als Ekipp Succès hunn.”
E bescheidene Star also, deen den Erfolleg wëllt, an een deen duerch säi Professionalismus déi berüümt “Winner-Mentalitéit” an de Grupp bréngt.
Op d'Fro, wat de Leandro Barreiro zu de Géigner vun de Roude Léiwen hält, reagéiert hie mat enger "Fussballerfloskel". Et misst ee vu Match zu Match kucken. Säi Jargon an net säin Temperament seet awer eppes aneschtes.
“An deene Matcher, déi mir elo hunn, wou et Ekippe sinn, déi éischter bei eis um Niveau sinn, kloer, um Pabeier vläicht déi eng Ekipp besser wéi mir. Mee ech ginn op den Terrain, fir ze gewannen, an et ass déi Mentalitéit, déi ech vu menge Matspiller och erwaarden.”
Déi sinn also virgewarnt. An dat wier sécherlech en Discours, deen dem Jeff Strasser gutt gefält. Den Nationaltrainer geet mat de selwechten Ambitiounen an déi véier Matcher, wéi de Leandro Barreiro et ugedeit huet. Island ass um Pabeier de stäerkste Géigner.
“Et wier falsch, haut ze soen, zemools no baussen, fir keen onnéidegen Drock op d'Ekipp ze maachen, wat dann elo konkreet als Plaz uviséiert ass. Mee ech mengen, wann een dat vun der Winner-Mentalitéit ausdréckt, da seet et schonn och eleng genuch.”
Woubäi, par rapport zur leschter Campagne siwe Spiller net dobäi wieren, wat keng Excuse sollt sinn, mee e Fait, esou de Jeff Strasser.
Wat ass punkten- an tabelleméisseg ze erwaarden?
E leschte Freideg bei der Kaderpresentatiounn an en Dënschdeg bei deenen zwee Gespréicher ass schonn, wann och just tëschent den Zeilen erauszehéiere gewiescht, datt ee sech géint Estland esou munches ausrechent.
D’Balte leien an der FIFA-Weltranglëscht schliisslech 28 Plazen hanner Lëtzebuerg.
Bulgarien ass net méi dat, wat d’Ekipp mol war, och wa se am FIFA-Ranking 14 Plaze virum Grand-Duché leien. Mee de Gruef tëschent béide Länner ass definitiv méi kleng ginn.
Island ass 74. op der Welt, spréch 25 Plaze virun eis. Dat ass fir de Leandro Barreiro an de Jeff Strasser de stäerkste Géigner.