Et misst een sech elo op déi Déiere konzentréieren, déi eng Iwwerliewenschance hunn.
Et wier en immens schwierege Schrëtt gewiescht, deen et esou och nach ni ginn hätt. Dat sot de Georg Xander, Direkter vun der Diddelenger Fleegestatioun fir Wëlldéieren, am Gespréich mam 100,7.
No der laanger Hëtztwell hätt um Enn einfach kee Wee méi dolaanscht gefouert, wéi d’Statioun fir nei Patienten zouzemaachen. Virun allem Vulle wéi Schmuebelen a Leeëndecker, déi hir Näschter ënner den Diecher bauen, wieren duerch d’Hëtzt a Gefor. Déi jonk Villercher géife wéinst den héijen Temperaturen aus hiren Näschter sprangen.
Och aner Statiounen hunn hir Diere schonn zougemaach
Zu Diddeleng hätt een an der lescht bis zu 120 Leeëndecker gläichzäiteg missten oppäppelen an all zwou Stonne per Hand fidderen. Dat wier einfach net méi ze bewältegen, esou de Georg Xander.
"Zusätzlich war für uns dann letztendlich leider das Problem, dass die anschließenden Centres de Soin in der Großregion alle letzte Woche oder vorletzte Woche schon ihre Pforten geschlossen haben und das leider einen direkten Einfluss auf uns hat, weil die Menschen dann natürlich die Vögel und sonstige Tiere bei uns deposieren."
Déi kritesch Zuele wiere leider schonn iwwerschratt ginn, esou de Georg Xander.
"Weshalb wir natürlich jetzt den traurigen Schritt machen mussten, vorerst leider keine neuen Tiere mehr aufnehmen zu können."
Ronn 20 fest ugestallte Mataarbechter:inne schaffen an der Wëlldéierestatioun. Fir si wier d’Situatioun psychesch wéi physesch immens belaaschtend. Dobäi kommen nach eng ganz Partie Fräiwëlleger.
Ouni Benevoller wier et guer net méiglech
Ouni den Asaz vun dëse Benevollen hätt een et scho laang net méi gepackt. An och wann een elo keng nei Déiere méi géif ophuelen, géif dat net bedeiten, datt an der Statioun net geschafft gëtt, wéi den Direkter betount.
"Das bedeutet nur, dass wir das bien-être animal der noch vor Ort befindlichen Tieren respektieren und schauen müssen, dass wir die entsprechend behandeln und wieder gesund bringen."
Bei esou enger héijer Unzuel un neien Deiere wier et awer ganz schwéier, fir déi nach artgerecht ze behandelen.
"Darum leider in letzter Konsequenz die Schließung."
D’lescht Woch hätt een an der Nout nach en Opruff, fir nei Benevoller ze fannen, gestart, mee och déi Fräiwëlleg misste geschoult ginn, soudatt d’Fermeture inevitabel gi wier, esou de Georg Xander.
Och d’Drop-Off-Statiounen zu Diddeleng, Jonglënster, Nidderfeelen a Clierf si momentan zou. Déi intern Kriseprotokoller wieren ugelaf, an et géif een elo kucken, all Ressourcen ze mobiliséieren an esou effizient wéi nëmme méiglech weiderzeschaffe fir d’Déiere gesond ze kréien, esou de Georg Xander. Och géif ee probéieren, d’Leit op d’mannst iwwer Telefon weider ze beroden.