Déi meescht Faillitte betreffen Holdingen a Fongen. Awer och ouni déi Faillitten ass et nach e Plus vu 60 Prozent.
Am Bausecteur goufen et 147 Faillitte an den éischten 9 Méint vum Joer, dat sinn der 28 méi, wéi an deem selwechten Zäitraum d‘lescht Joer. Doduerch si geschaten 1.048 Aarbechtsplaze verluer gaangen.
Am Commerce goufen et an den éischten 9 Méint vum Joer 125 Faillitten, dat sinn der 17 manner, wéi d‘lescht Joer. 427 Aarbechtsplazen sinn am Commerce verschwonnen. Den Horeca-Secteur ass mat 90 Faillitte betraff, 10 méi wéi d‘lescht Joer, mat 311 Aarbechtsplazen, déi ewechgefall sinn.