Radioen

On air

Concert  |  Eng Konfrontatioun tëscht Harf an Orchester

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘Faillitte sinn am 3. Trimester dëst Joer staark geklommen

Wirtschaft

D‘Faillitte sinn am 3. Trimester dëst Joer staark geklommen

273 Betriber hu Faillitte deklaréiert, dat ass eng Hausse vun 71 Prozent par rapport zum 3. Trimester d‘lescht Joer. Par conter sinn d‘Liquidatioune staark zeréckgaangen, et goufen 80 Prozent manner Entreprisen no der Faillitte och liquidéiert.

auto_stories

1 min

Faillite | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Déi meescht Faillitte betreffen Holdingen a Fongen. Awer och ouni déi Faillitten ass et nach e Plus vu 60 Prozent.

Am Bausecteur goufen et 147 Faillitte an den éischten 9 Méint vum Joer, dat sinn der 28 méi, wéi an deem selwechten Zäitraum d‘lescht Joer. Doduerch si geschaten 1.048 Aarbechtsplaze verluer gaangen.

Am Commerce goufen et an den éischten 9 Méint vum Joer 125 Faillitten, dat sinn der 17 manner, wéi d‘lescht Joer. 427 Aarbechtsplazen sinn am Commerce verschwonnen. Den Horeca-Secteur ass mat 90 Faillitte betraff, 10 méi wéi d‘lescht Joer, mat 311 Aarbechtsplazen, déi ewechgefall sinn.