Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ D'FGFC fuerdert d'Gläichstelle mat de staatleche Loungarantien

Gewerkschaft vun de Gemengebeamten

D'FGFC fuerdert d'Gläichstelle mat de staatleche Loungarantien

D‘FGFC, d‘Gewerkschaft vun de Gemengebeamten, formuléiert an engem Communqué hir Fuerderungen un déi nei Regierung. Dozou gehéiert virun allem d‘Gläichstelle mat de staatleche Loungarantien.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Néideg wier och ee Masterplang fir d‘Digitaliséiere vun de kommunale Servicer. An dem Sënn gëtt sech erwaart, datt de SIGI eng kloer Agenda presentéiert.

Well d‘Reformen an de leschte Joren zu chaoteschen Zoustänn gefouert hätten, verlaangt d‘FGFC eng Zentralverwaltung fir déi deeglech Gestioun vum Gemengepersonal.

Weider wiert ee sech géint all Versuch, fir déi kommunal Transportsyndikater wéi den TICE ze privatiséieren.