Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - Melville

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'FEDIL kritiséiert eng nei EU-Direktiv

Devoir de vigilance des entreprises

D'FEDIL kritiséiert eng nei EU-Direktiv

D‘FEDIL ass net begeeschtert vun der Direktiv iwwer den Devoir de vigilance des entreprises, deen d‘EU-Staate leschte Freideg ugeholl hunn an deen elo nach vum EU-Parlament gestëmmt gëtt. Déi Direktiv wier nach net prett fir ageféiert ze ginn, a si géif erëm méi administrativen Opwand fir d‘Betriber bedeiten, esou d'FEDIL.

auto_stories

1 min

Dësen Opwand wier besonnesch fir déi kleng a Mëttelbetriber problematesch. Doduerch géif d‘Kompetitivitéit vun den Entreprisen an Europa weider ofhuele par rapport zu Drëttlänner, déi deen Droit de vigilance net hunn. Ausserdeem wieren déi Reegelen net genuch harmoniséiert. Dat wier net gutt fir den europäesche Bannemarché.