Et hätt een eng Demande en liquidation agereecht, heescht et am Dokument. D’Aarbechter wiere bis op weideres vun der Aarbecht fräigestallt, hir Aarbechtskontrakter wieren awer nach net opgeléist.
Den OGBL seet, déi ronn 40 Mataarbechter vun der ASBL net wéisste wéi et fir si weider geet. De Smail Suljic vum OGBL, deen a Kontakt mat de Salariéen ass, seet et wier net mat de Salariéë geschwat ginn.
"Do wësse mer net, op a wat d’Gemeng an de Ministère vir hu well si hu jo gemengt, dass se vläicht iergendwéi Méiglechkeeten hunn, wéi se wäerte weider fueren."
Mee et géif kee mam Personal a mat der Gewerkschaft doriwwer schwätzen. Do wieren elo 40 Leit op der Strooss, a wéissten net wat op si duerkënnt.
Den Nohaltegkeetsministère an d’Stad Esch haten des Woch an engem gemeinsame Communiqué ugekënnegt, datt eng weider Finanzéierung mat ëffentleche Gelder net méi méiglech wier. Een onofhängegen Expert hätt d’Finanze kontrolléiert an hätt ënnert anerem eng schlecht Gestioun säitens der ASBL festgestallt.
D’ASBL, déi sech virop der Kreeslafwirtschaft verschriwwen huet, huet zu Esch ënnert anerem een Öko-Restaurant bedriwwen. Se krut an de leschte sechs Joer dofir siwe Milliounen Euro un ëffentleche Gelder.