Radioen

On air

Moiesstudio  |  Gossip - Real Power

play_arrow Live
search

/ D’Erënnerung muss bleiwen!

Sot Emol

D’Erënnerung muss bleiwen!

De 27 Januar 1945 huet déi russesch Arméi d’Konzentratiounslager Auschwitz an d’Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau liberéiert. 7.000 Iwwerliewender, Fraen, Männer a Kanner waren nach am KZ Auschwitz. An Auschwitz ass e Synonym vum Terrorregime vun Nazi-Däitschland ginn. 

auto_stories

3 min

headphones

56 min

play_arrow

Iwwer 1,1 Millioun Mënschen, dovunner 1 Millioun Judden a Jiddinne goufen op brutaalst Manéier ëmbruecht vergaast oder anescht gesot exterminéiert. Auschwitz steet fir d’Shoah, de Genozid un de Judden duerch Nazien an d’SS.

Auschwitz-Birkenau gouf a gëtt de Camp de la mort oder d’Industrie vum Doud genannt. “Arbeit macht frei” steet grouss iwwert der Entréespaart fir an d’Stammlager eran. Auschwitz heescht a Polen Oswiecim, Auschwitz ass de Numm deen Nazien der Stad ginn a mat deem se op eng traureg Manéier bekannt ginn ass.

"Wéi konnte Mënschen dat anere Mënschen undoen?"

Et brauch een deen Numm Auschwitz just ze héieren an et weess ee vu wat riets geet. Virun 80 Joer war d’Libratioun vum KZ Auschwitz an Auschwitz-Birkenau duerch déi russesch Arméi.

Auschwit-Birkenau ass haut e Site mat vill Gréngs, vill Beem, eng roueg Géigend a genee dat ass den Hoken, et dierf ee Birkenau net nëmme mat den Ae kucken, et muss ee mam Häerz a mam Wësse kucken, well d’Ae gesinn dacks dat wesentlecht net.

Eng Fro steet awer nach ëmmer am Raum, eng Fro op déi ee wuel ni eng Äntwert wäert fannen: “Wéi konnte Mënschen anere Mënschen dat undoen?”

Et ass wichteg Auschwitz oder Auchwitz-Birckenau, iwwerhaapt de ganzen Nazi-Terror net ze vergiessen, besonnesch déi Jonk vun haut mussen hëllefen, well si sinn d’Zeie vu moar.

"Dat Wuert Haass misst eliminéiert ginn"

D’Ginette Kolinka ass eng Iwwerliewend vun Auschwitz-Birckenau, si kritt de 4. Februar 2025 100 Joer. Si huet laang net iwwert dat wat si an deene grujelege Joren erlieft huet, geschwat, bis et hir op emol awer wichteg war, sech mat ze deelen an esou mat hëlleft eppes géint d’Vergiesse vun deem Nazi-Terror ze maachen.

D’Ginette Kolinka wëll mat hirem Temoignage d’Mënschen net un d’Kräische bréngen. Si wëll gären ënnersträichen, wouhinner Haass ka féieren. An et wier am beschte wann een dat Wuert Haass ee vir alle mol kéint eliminéieren. Well et ass fir d’Ginette Kolinka den Haass deen e Mënsch dozou bréngt där Atrocitéiten ze maachen.

"Supprimons ce mot haine. Non, seulement supprimer le mot, mais aussi de nos pensées. On n’a pas le droit de détester quelqu’un, parce qu’il n’a pas la même couleur de peau que vous, parce qu’il n’a pas la même religion. Il faut penser qu’on est tous des êtres humains, on a tous des défauts, on a tous des qualités et ça il faut s’en rappeler."

"Jiddereen hat säi klenge Schindler"

De Jacques Rotenbach huet d’Hell vun Auschwitz iwwerlieft an huet sech säi ganzt Liewe laang fir d’Memoire vum Holocaust agesat. De Jacques Rotenbach, den 2004 gestuerwen ass, sot dat d’Iwwerliewen zu Auschwitz ganz eleng nëmmen un Dausende vun Zoufäll houng. All Dag, all Stonn bal all Minutt huet en Zoufall gehollef, datt Mënschen net gestuerwe sinn oder ëmbruecht goufen.

De Jacques Rotenbach sot dofir dacks: "Chacun avait son petit Schindler."

Déi Jonk sinn “Passeurs de Mémoire”

D’Ginette Kolinka spiert keen Haass géint Däitscher, well dat si Mënschen déi hunn hir näischt gedoen, et sinn d’Nazien déi d’Verbriecher waren. An d’Ginette Kolinka erzielt hir Liewensgeschicht, esou dacks et nëmme geet an et ass un de jonke Generatiounen se och weider ze erzielen.

“Vous devenez des passeurs de mémoire, c’est vous. C’est à Nous les déportés, qui avons eu la chance de survivre, de vous désigner pour que vous racontiez cette histoire. Vous devenez des passeurs de mémoire, parlez-en autour de vous, plus tard à vos enfants, à vos petits-enfants. Comme on disait quand on est rentré: Plus jamais ça!”

Lauschterenplay_arrow