Radioen

On air

Notturno  |  Dessy Mesk - Chops

play_arrow Live
search

/ D‘EU warnt Nordkorea virun engem Asaz am Ukrainkrich op russescher Säit

"Feindséilegen Akt mat Konsequenzen"

D‘EU warnt Nordkorea virun engem Asaz am Ukrainkrich op russescher Säit

Eng nordkoreanesch Participatioun wier een eesäitege feindséilegen Akt mat seriöe Konsequenze fir de Fridden an d‘Sécherheet an Europa a weltwäit, heescht et an enger Deklaratioun vum EU-Aussebeoptraagten.

auto_stories

1 min

Et wier domat en deifgräifende Verstouss géint d‘Vëlkerrecht, an déi grondleeëndst Prinzippie vun der Charta vun de Vereenten Natiounen.

Eng NATO-Memberschaft vun der Ukrain hätt keng Aktualitéit. Dat sot den däitsche Kanzler Olaf Scholz den Donneschdeg an der ZDF-Emissioun Maybrit Illner. Ech mengen et ass wichteg ze ënnersträichen, datt e Land, wat am Krich ass, guer net NATO-Member ka ginn, esou den Scholz. Et misst een éischter iwwert d‘Sécherheetsgarantië fir d‘Zäit nom Krich diskutéieren, déi Gespréicher wieren och am gaangen, esou de Scholz.

Um EU-Sommet d‘lescht Woch hat de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden iwwerdeems eng méi däitlech Positioun fir eng NATO-Memberschaft vun der Ukrain gefuerdert. D‘Ukrain hat eng Vocatioun fir Deel vun der euroatlantescher Famill ze ginn, sot hien, well d‘Land net an eng aner Hand soll falen.