Radioen

On air

Notturno  |  Fleet Foxes - A Long Way Past The Past

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'EU streit iwwer finanziell Hëllefe fir Palestina

No Hamas-Attack op Israel

D'EU streit iwwer finanziell Hëllefe fir Palestina

An der EU gëtt et Sträit iwwer d‘Finanzhëllef fir d‘Palestinenser. Den EU-Conseilspresident Charles Michel huet gëschter Owend déi däitsch Decisioun kritiséiert, fir d‘Finanzhëllef direkt ze stoppen.

auto_stories

1 min

Charles Michel viru Mikroen | © picture alliance / ROPI | Pignatelli/EUC
Charles Michel viru Mikroen (Foto: picture alliance / ROPI | Pignatelli/EUC)

Ee Stopp vun der humanitärer Hëllef fir d‘Ziviliste géif der Hamas an d‘Karte spillen. Och bannent der Kommissioun ass ee beim Theema gespléckt: D‘Ukënnegung vum Afréiere vun der Entwécklungshëllef huet duerno nees misse relativéiert ginn. Den zoustännegen EU-Kommissär Oliver Varhely hat déi Informatioun verbreet, elo sollen awer haut fir d‘éischt eemol d‘EU-Ausseminister doriwwer diskutéieren.