D'Diskussioun doriwwer, déi iranesch Revolutiounsgarden op d’Terror-Lëscht ze setzen, gëtt an der EU zënter Jore gefouert. Eens gouf ee sech bis elo net.
Lëtzebuerg als eent vu véier Länner, déi dergéint sinn? Xavier Bettel reagéiert op “X”
Viru knapps zwou Wochen hat de Laurence Norman, EU-Korrespondent vum “Wall Street Journal”, Lëtzebuerg als eent vu véier Länner genannt, déi d’Iddi net géifen ënnerstëtzen.
Wärend vill EU-Länner sech staark dofir asetzen, wiere Spuenien, Italien, Frankräich a Lëtzebuerg nach ëmmer dergéint, esou den amerikanesche Journalist Dënschdes, den 13. Januar, owes an engem Message op “X”.
I understand that while many EU countries are strongly supportive of putting IRGC on terror list, Spain, Italy, Luxembourg and France are not supporting at this point.
— laurence norman (@laurnorman) January 13, 2026
Dat schéngt fir Opreegung gesuergt ze hunn.
Direkt den Dag drop moies stellt den Ausseminister Xavier Bettel, och op X, kloer: Lëtzebuerg géing d’Propos fir weider EU-Sanktioune géint déi, déi am Iran an déi brutal Repressiounen involvéiert sinn, ënnerstëtzen. Dozou géing och d’Aklasséiere vun de Revolutiounsgarden als Terrororganisatioun gehéieren.
Luxembourg🇱🇺 stands with the people of Iran and supports the proposals for additional EU sanctions against those in Iran involved in the brutal repression of peaceful demonstrators - including listing the IRGC as a terror organization
— Xavier Bettel (@Xavier_Bettel) January 14, 2026
Verschidden EU-Länner wéi Däitschland oder Schweden setze sech zënter enger Zäit vehement dofir an.
Och d’Europaparlament fuerdert dat scho méi laang. Fir d’Lescht an enger Resolutioun, déi haut virun enger Woch ugeholl gouf.
Zu Lëtzebuerg hat d’Chamber déi lescht Woch en Dënschdeg, also no der Annonce vum Xavier Bettel op “X”, eng Motioun gestëmmt, an där d’Regierung ënner anerem opgefuerdert gëtt, sech op europäeschem Niveau aktiv dofir anzesetzen, d’Revolutiounsgarden op d’Terror-Lëscht vun der EU ze setzen.
Xavier Bettel an der Chamber: "Lëtzebuerg opposéiert sech net"
D’Lëtzebuerger Haltung war laang eng aner.
Haaptargument war, datt et juristesch net méiglech wier. Dat besteet net méi, zënter datt ee Geriicht an Däitschland den Iran als responsabel fir eng Terrorattack schëlleg gesprach huet.
Et misst een den Dialog mam Regimm ophalen, esou dat zweet Argument, wat elo wuel och ewech fält.
Wéinst der Situatioun um Terrain kéint een net "just nokucken", esou de Xavier Bettel de leschten Dënschdeg an der Chamber.
Seng Formulatioun bleift zeréckhalend. Kéim d’Propos op den Dësch, hätt de Grand-Duché domat "kee Problem" oder "géife mir eis net opposéieren", esou de Xavier Bettel.
Hien huet och virun de Suitte gewarnt. Et géifen nämlech Länner ginn, déi nach Geiselen an iranesche Prisongen hätten, an déi deemno "éischter virsiichteg wieren", "fir Acteuren aus deem Regimm op eng Lëscht vun Terroristen ze setzen". Hir Sensibilitéite misst ee verstoen.
Italien, Frankräich a Spuenien änneren hir Positioun
Uganks der Woch huet och Italien seng Positioun geännert.
Hie géing d’Aklasséieren als terroristesch Organisatioun vun den iranesche Garden op der Reunioun haut um Donneschdeg proposéieren, esou d’Annonce vum Ausseminister Antonio Tajani e Méindeg op “X”.
#Iran Le perdite subite dalla popolazione civile durante le proteste impongono una risposta chiara.
— Antonio Tajani (@Antonio_Tajani) January 26, 2026
Giovedì alla riunione dei Ministri degli Esteri europei a Bruxelles proporrò, in coordinamento con gli altri partner, l’inclusione dei Guardiani della Rivoluzione nella lista…
Een Dag virun der Reunioun vun den Ausseministeren zu Bréissel hunn och Spuenien a Frankräich op eemol matgedeelt, si wieren dofir, d’Revolutiounsgard als terroristesch anzestufen.
Iran : il ne peut y avoir d’impunité.
— Jean-Noël Barrot (@jnbarrot) January 28, 2026
L’insoutenable répression de la révolte pacifique du peuple iranien ne peut rester sans réponse. Son courage inouï face à la violence qui s'est abattue aveuglément sur lui ne peut rester vain.
Avec nos partenaires européens, nous prendrons…
Et misst een iwwer d’Effikassitéit nodenken, hat e Mëttwoch eng EU-Diplomatin ze bedenke ginn. Effektiv stinn eng ganz Partie Membere vun de Revolutiounsgarden och elo schonn op der europäescher Sanktiounslëscht.
Een Aklasséieren als Terror-Organisatioun géif do also net méi vill änneren. Et wier éischter symbolesch.
Mee grad déi Symbolik, nämlech d’iranesch Revolutiounsgarden als ee vun de Piliere vum Regimm als terroristesch anzestufen, wier elo ubruecht, soen Anerer.
Op der Sitzung kéinten d’Ausseminister:innen déi Decisioun elo op de Wee bréngen.