arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU-Kommissioun wëllt Banken-Supervisioun op EU-Niveau verstäerken

EU-REEGELEN FIR KAPITALMAERT

|
headphones

2 min

D'EU-Kommissioun wëllt Banken-Supervisioun op EU-Niveau verstäerken

D’Propos vun der EU-Kommissioun gesäit vir, der EU-Agence fir d’Surveillance vun de Finanzmäert (ESMA) méi Pouvoir ze ginn. Lëtzebuerg huet sech widderhuelt géint eng europäesch Supervisioun vun de Finanzmäert gewiert.

headphones

2 min

EU-Kommissioun | © picture alliance / Goldmann | Goldmann
EU-Kommissioun (Foto: picture alliance / Goldmann | Goldmann)

An der Europäescher Unioun gëtt net genuch investéiert, ze vill gespuert. D’Mäert si fragmentéiert an net kompetitiv genuch, sot um Donneschdegmoien d'Maria Luis Albuquerque, d’EU-Kommissärin fir d’Finanzservicer. Dowéinst misste se reforméiert ginn.

ESMA soll méi Aufgabe kréien

D’Europäesch Kommissioun huet ee ganze Pak vun neie Reegele presentéiert, déi d’Kapitalmäert an der EU besser organiséiere sollen.

Deemno soll zum Beispill de sougenannten europäesche Pass fir d’Investitiounsfonge méi einfach gemaach ginn, andeems national Autorisatiounen ewechfalen.

Och d’Supervisioun vum Kapitalmaart soll méi zentral wéi bis elo organiséiert ginn. D’EU-Kommissioun wëllt d’Roll vun der ESMA renforcéieren.

Lëtzebuerg war géint EU-Supervisioun

Lëtzebuerg hat sech géint d’Iddi vun enger zentraler EU-Supervisioun vun de Finanzmäert gewiert.

Gemeinsam Reegele jo. Mee Nee zu neie bürokrateschen Instrumenter. Dat war d’Linn vum Premier Luc Frieden, wéi dee Sujet zum Beispill um EU-Sommet am Mäerz 2020 diskutéiert gouf. 

Niewent Lëtzebuerg waren och aner Länner, wéi Irland, géint eng EU-Supervisioun.

Verschidde Länne, wéi Frankräich, awer hu sech virun dofir agesat. Och d’EU-Kommissioun war der Meenung, datt déi national Autoritéiten un hir Limitte stoussen. 

EU-Kommissärin Albuquerque: Et gëtt ee Problem mat der Supervisioun

D’Consultatiounen an de leschte Méint hätte genee dat gewisen, esou d’EU-Kommissärin.

"Mir hunn ee Problem mat Supervisioun, mir hu gemeinsam Reegelen, mee ze vill Interpretatiounen dovun"

D’ESMA soll, der Propose vun der Kommissioun no, dofir verschidden Acteuren direkt iwwerwaachen. D’Supervisioun soll dowéinst méi effikass organiséiert ginn. Et géif een awer kengem Rechter ofhuelen, esou nach d’EU-Kommissärin.

D’Ännerunge géife just grouss Entitéite betreffen, d’Verwaltung vum Verméige géif net dorënner falen, esou eng EU-Source.

Wéi Lëtzebuerg op déi Propose reagéiert, war um Donneschdegmoien nach net gewuer ze ginn. D’Propos ass am gaangen analyséiert ze ginn.