Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Donnerwieder an Zuelen: Plazeweis 40 Millimeter Reen an enger Stonn

Meteo

D'Donnerwieder an Zuelen: Plazeweis 40 Millimeter Reen an enger Stonn

D'Donnerwieder an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg huet plazeweis extrem vill Ree mat sech bruecht. Virun allem de Südweste vum Land war betraff.

auto_stories

2 min

Donnerwieder | © picture alliance / Bonn.digital | Marc John
Foto: picture alliance / Bonn.digital | Marc John

Op de soziale Medien si sëllege Videoen ze gesinn, wou Keller ënner Waasser stinn. Virun allem an der Géigend ronderëm Esch, Déifferdeng, Péiteng a Suessem war de Reen am kräftegsten. MeteoLux schreift an engem éischte Bilan, datt an där Géigend bis zu 40 Millimeter Reen an enger Stonn gefall sinn.  De Wiederdéngscht

Météo Boulaide schwätzt vu 70 Liter op de Meterkaree, déi punktuell gefall sinn.

Een Tornado zu Eschduerf?

Och de Wand hat et a sech. MeteoLux no goufe Wandvitesse vu bis zu 100 Km/h gemooss. Dëst huet zu immens villen Äscht a Beem op eise Stroosse gefouert.

Météo Boulaide ass souguer dovun ausgaang, datt sech an der Géigend vun Eschduerf een Tornado gebilt hätt. Do wier et zu immens staarke Rotatioune komm, sou datt een Tornado net auszeschléisse wier.