D‘CSV bleift stäerkste Partei am Süden. Déi grouss Verléierer sinn och am Minett déi gréng. Hiren drëtte Sëtz geet un d'DP. Mee wéi an deenen anere Bezierker gëtt et net een däitleche Gewënner, dee vun de Verloschter vun déi gréng profitéiere géif.
déi gréng ware personell geschwächt an d'Wale gaangen. Hir zwee Éischtgewielt vun 2018 waren net méi dobäi, den Ëmgang vun der Partei mam Felix Braz (Gesondheetsgrënn) a mam Roberto Traversini (Interessekonflikt) gouf a béide Fäll, wann och aus ënnerschiddleche Grënn, kritiséiert. An engem allgemengen Trend, dee géint d‘Ëmweltpartei gelaf ass, wier et optimistesch gewiescht ze erwaarden, datt déi politesch Säitenasteigering Joëlle Welfring d‘Käschten aus dem Feier huele kéint.
D‘Ëmweltministesch ass zwar däitlech als Éischt gewielt, virum Meris Sehovic, mee mat bal nëmmen der Hallschent vun de perséinleche Stëmmen, déi de Felix Braz 2018 krut. déi gréng kommen nach op 7,07 % no 14,68 % viru fënnef Joer. Si kréien zwee Sëtz, ee manner wéi bis elo.
DP kritt ee Sëtz bäi, d'CSV bleift stabel
D‘DP ass déi eenzeg Partei, déi e Sëtz gewanne konnt, op elo véier. Datt de Pierre Gramegna net méi dobäi war, huet d‘Partei also gutt verkraaft. Si klëmmt vun 11,8 % op 14,11 %. De Süde bleift awer dee schwächste Bezierk vun de Liberalen. Gewielt sinn de Max Hahn, de Claude Meisch, de Gusty Graas an de Luc Emering. Den Edukatiounsminister hat 2018 nach knapp 4.000 Stëmme méi wéi de Max Hahn, deen der elo 2.500 méi huet.
D'CSV hält hir siwe Sëtz am Süden a klëmmt vu 26,91 % op 27,80 %. Bei de Gewielte gëtt et awer eng spektakulär Evolutioun. Laang Jore gouf de Lokalpolitiker aus de Gemenge westlech vun der Haaptstad virausgesot, si kréichen am Minett kee Fouss op de Buedem. Elo ass et dem Mamer Buergermeeschter Gilles Roth gelongen, éischten op der CSV Südlëscht ze ginn. Viru fënnef Joer war hie just de Sechsten. Zweetgewielten ass den Escher Député-Maire Georges Mischo, virum Michel Wolter, dem Felix Eischen, der Nancy Kemp-Arendt, dem Marc Spautz an dem Laurent Zeimet. De Beetebuerger Buergermeeschter ass de Moment nach Member vum Staatsrot.
D'LSAP klëmmt prozentual, mee bleift bei sechs Sëtz
Bei der LSAP ass en ale Bekannten Éischtgewielten: den Ausseminister Jean Asselborn. Zweet gëtt d‘Inneministerin Taina Bofferding, virum Mars Di Bartolomeo, dem Aarbechtsminister Georges Engel, dem Dan Biancalana an der Liz Braz. Fir d‘Duechter vum fréiere grénge Minister Felix Braz war et déi éischt Kandidatur bei nationale Walen. Net méi gewielt sinn ënner anerem den Yves Cruchten, d‘Simone Asselborn-Bintz an de fréiere Minister Dan Kersch. D‘LSAP klëmmt vun 22,23 % op 24,53 % a bleift bei sechs Sëtz.
Bei der ADR huet sech d‘Fro gestallt, wat fir en Impakt et hätt, datt dee leschte Parteigrënner, de Gast Giberyen, net méi dobäi war. Déi fréier Rentepartei klëmmt vun 8,77 % op 10,50 % a festegt hir zwee Sëtz am Süden. Gewielt sinn d‘Deputéiert Fred Keup, deen iwwer Dausend Stëmme méi kritt, wéi de Fernand Kartheiser, deen deemno nees Zweete gëtt.
Déi kleng Parteien hu méi schwaach ofgeschnidden
D‘Pirate stagnéieren (6,92 % géint 6,99 % am Joer 2018) a behalen hire Sëtz, deen un den Deputéierte Marc Goergen geet.
déi Lénk behalen, trotz Verloschter, hiren eenzege Sëtz. Si fale vun 5,96 % op 4,35 %. Éischtgewielten ass däitlech de Marc Baum, virum Gary Diderich. D‘Deputéiert Myriam Cecchetti gëtt just véiert.
Déi kleng Parteien hunn am Süden tendenziell méi schwaach ofgeschnidden, wéi an anere Bezierker. Fokus kënnt op 2,2 %, d‘KPL op 0,93 %, Liberté-Fräiheet op 0,88 %, Déi Konservatif op 0,37 % a Volt op 0,34 %.