Radioen

On air

Notturno  |  Timber Timbre - Mystery Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'DP an d'LSAP profitéiere vun der Schwächt vun déi gréng, mee d'CSV bleift am stäerksten

Walbezierk Zentrum

D'DP an d'LSAP profitéiere vun der Schwächt vun déi gréng, mee d'CSV bleift am stäerksten

D'CSV widderhëlt hiert Resultat vun 2018 a bleift esou stäerkste Partei am Zentrum. De Luc Frieden leet par rapport zu 2018 bäi, mee ass net de beschtgewielte Politiker am Land. déi gréng fale vu véier op just nach zwee Deputéierten.

auto_stories

3 min

Am Zentrum ginn déi zwee Sëtzer, déi déi gréng verluer hunn, un hir Koalitiounspartner vun DP an LSAP. Stäerkst Partei bleift d‘CSV. Beschtgewielte Kandidat ass awer de Premierminister Xavier Bettel, deen 3.000 Stëmme méi krut, wéi de Luc Frieden vun der CSV. Ausser de Verloschter vun déi gréng gouf et keng gréisser Verännerungen bei der Verdeelung vun de Stëmmen.

D‘CSV bleift stäerkste Partei am Zentrum, mat 29,94 % (+0,8 Prozentpunkten). D‘Partei bleift bei siwe Sëtz. Gewielt sinn d‘Spëtzekandidate Luc Frieden an Elisabeth Margue, de Serge Wilmes, de Paul Galles, de Claude Wiseler, d‘Diane Adehm an de Marc Lies. Net direkt gewielt ass den Deputéierte Laurent Mosar. Mat 30.999 Stëmme läit de Luc Frieden 1.558 Stëmmen iwwer sengem leschte Resultat bei Nationalwalen, am Joer 2018. Säi bescht Resultat hat hien 2009, mat 41.889 Stëmmen, wéi d'CSV am Zentrum op 38,60 % komm war.

De Xavier Bettel ass de beschtgewielte Kandidat

Bei der perséinleche Stëmmen huet de Xavier Bettel, mat 34.018 Stëmmen, ëm 3.244 zougeluecht, an ass esou de Beschtgewielte Kandidat am Land. Seng Partei klëmmt vu 24,17 % op 25,25 % a gewënnt ee Sëtz fir en Total vu sechs. Zweetgewielt ass d‘Finanzministesch Yuriko Backes, virun der Lydie Polfer, der Corinne Cahen, dem Gérard Schockmel an der Simone Beissel. Den Dr. Schockmel huet deemno seng Prominenz an der Covid-Kris an eng gelongen éischt Partizipatioun bei Wale verwandelt.

Och d‘LSAP gewënnt ee Sëtz, vun zwee op dräi. A Prozent stagnéieren d‘Sozialisten allerdéngs (vun 11,73 % op 11,76 %). Gewielt sinn de Wirtschaftsminister Franz Fayot, d‘Parteipresidentin Francine Closener an, iwwerraschent, d'Claire Delcourt. Déi 34-järeg Biologistin war bei de Gemengewalen am Juni Kandidatin zu Conter, war awer net gewielt ginn.

déi gréng hunn am Zentrum besser ofgeschnidde wéi am Rescht vum Land. D'Partei geet vu 16,20 % op 11,53 % zeréck, deen eenzege Bezierk, wou hiert Resultat zweestelleg bleift. Si verléiert trotzdeem zwee Sëtz a fält op zwee. Gewielt sinn d‘Sam Tanson an de François Bausch. D‘Justizministesch hält mat 17.983 Stëmmen hiert Resultat, de Mobilitéitsminister verléiert iwwer 7.000 Stëmmen.

D'ADR behält ee Sëtz

D‘Pirate leeë bäi, vu 5,14 % op 6,50 % a behalen hiren eenzege Sëtz. Gewielt ass den Deputéierte Sven Clement, dee mat 15.074 Stëmmen eleng iwwer d‘Hallschent vun de Stëmme vu senger Partei op säin Numm versammelt.

D‘ADR behält mat 6,55 % (2018: 6,83 %) hire Sëtz, respektiv gewënnt dee vum Roy Reding zeréck. Gewielt ass den Tom Weidig, deen am Juni schonn an de Staater Gemengerot gewielt gi war.

déi Lénk retten hire Sëtz knapp. Si fale vu 5,72 % op 3,94 %. Gewielt ass de fréieren Deputéierten David Wagner.

Déi kleng Parteien hu keng gréisser Roll gespillt. Fokus krut 2,73 %, Liberté-Fräheet 1,32 % an d‘KPL 0,45 %.