Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Charli xcx - Apple

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'COP29 geet mat engem Accord an zousätzleche Gelder op en Enn, mee et gëtt och Kritik

Weltklimakonferenz

D'COP29 geet mat engem Accord an zousätzleche Gelder op en Enn, mee et gëtt och Kritik

D‘Klimakonfernz zu Baku ass eriwwer, um Enn steet een Accord, dee vill Säite ganz enttäuschend fannen an anerer rose mécht. Bis d‘Joer 2035 sollen Industriestaten all Joer 300 Milliarden Dollar un d‘Entwécklungslänner bezuelen.

auto_stories

1 min

COP29 | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

Sue mat deenen dës Länner sech solle kënnen un de Klimawandel upassen. Dat awer geet laang net duer soen déi an onofhängeg UNO-Experten hunn ausgerechent, datt fir déi Upassunge ronn 3 mol méi Sue gebraucht ginn, nämlech eng Billioun Dollar d‘Joer.

Schaarf Kritik kënnt um aserbaidschanesche President vun der Konferenz. Deen huet hënt den Text séier mat engem Hummerschlag ugeholl, vill Staate fille sech iwwergaangen a soen, hir Wuertmeldung um Schluss wier ignoréiert ginn.

Derbäi kennt, datt am Schlussdokument vun der Konferenz ee grousse Punkt feelt. Op der leschter Klimakonferenz 2023 zu Dubai gouf am Schlussdokument en Appell gemaach, fir aus de fossillen Energien eraus ze klammen, an op erneierbar Energien ze setzen. Am Schlussdocument elo feelt dësen Appell.