Schonn an enger Newsletter vun der Dokteschassociatioun un hir Memberen hat d’AMMD deklaréiert, keng nei Konventioun mat der Gesondheetskeess CNS wëllen ze ënnerschreiwen.
All Argument ass genotzt gi fir ze blockéieren
Eng Decisioun, déi de Carlos Pereira wéineg iwwerrascht. Hien ass Member am Exekutivcomité vum OGBL an am Verwaltungsrot vun der CNS.
“Zënter der leschter Quadripartite, an och schonn am Virfeld dovunner, hat ech d’Gefill, datt vun der AMMD aus kee grousse Wëlle besteet fir zu engem Accord ze kommen.”
All d’Diskussiounen hätte sollen am Intressi vum Patient geféiert ginn, seet de Carlos Pereira, mee d’AMMD hätt all Argument ugeholl fir ze blockéieren an net weiderzekommen.
Et soll net Ee géint den Aneren ausgespillt ginn
Den AMMD-President Chris Roller huet gëschter an engem Interview am Wort gemengt, datt d’Gewerkschaften elo massiv Stëmmung géint d’Doktere maache wéilten, fir si ënner Drock ze setzen.
De Gewerkschaftler Carlos Pereira gesäit dat net esou. D’Gewerkschafte wéilten d’Konventioun retten, well se elementar wier fir en “uerdentleche Gesondheetssystem ze garantéieren”, seet hien.
“Et sollt een net deen Ee géint deen Aneren ausspillen. (De Gesondheetssystem) soll fir jiddereen, ob aarm oder räich, accessibel sinn.”
Wat reegelt iwwerhaapt déi Konventioun?
Dës Konventioun ass esou wichteg, well se vill Saachen am Gesondheetssystem reegelt. Virop d’Tariffer.
“Zweetens féiert se och dozou, datt een modern Medezin ka maachen. Wann ee keng Konventioun huet riskéiert een an eng Richtung ze kommen, wou een eng Zwouklassemedezin kritt, obwuel mir se a verschiddene Punkte schonn hunn.”
Dobäi wier eng Konventioun och wichteg, fir d’Dokteren un de Gesondheetssystem ze bannen, an aner Prestatairen och.
D'Regierung ass elo gefuerdert
Mee wéi wëllt d’CNS dat elo nach erreeche wa kloer ass, datt ee vun den néidege Signatairen – d’AMMD – net ënnerschreiwe wëllt? De Carlos Pereira riicht sech kloer un d’Regierung. Déi wier elo gefuerdert a misst iwwer e legale Wee eng Konventioun per Gesetz fixéieren.
Hie betount awer och, datt een als CNS léiwer am Dialog eppes ausgehandelt hätt wéi sech elo op e Règlement grand-ducal mussen ze stäipen.
De Carlos Pereira bréngt am 100,7-Interview nach e weidere Punkt op: Déi finanziell Situatioun vun der CNS.
“D’Gesondheetskeess ass finanziell net gutt drop.”
Dofir wier et der CNS och dorëms gaang, d’Ausgaben esou gutt wéi méiglech ze reduzéieren. Mee fir dat ze erreechen ass alt nees de Wëlle vun all de Bedeelegte gefrot gewiescht.
Ee Beispill, dat de Carlos Pereira nennt, sinn d’Kinéen, bei deenen d’Käschten explodéiert wieren, oder nach d’Lutte géint Abus et fraudes.
Participatioun vun de Leit kéint "extreem an d'Luucht goen"
Fir d’Assuréen ännert de Moment näischt. Och nom 1. November nach net. Et besteet awer e Risiko, datt laangfristeg eppes änner kéint, fäert de Gewerkschaftler.
“Et kann dozou féieren, datt mir an eng Situatioun kommen, wou blannemännches Tariffer fakturéiert ginn, déi net virgesi sinn an der Konventioun, an der Nomenclatur vun der CNS, an dass dann d’Participatioun vun de Leit extreem an d’Luucht kéint goen.”
Och wann et an der Konventioun gréisstendeels ëm déi Tariffer geet, esou huet de Refus vun der AMMD mat ganz anere Saachen ze dinn. Kann een hei vun enger Zort Erpressung schwätzen?
De Carlos Pereira mengt net, ass awer der Meenung, datt d’AMMD sech verpokert huet.
"D'AMMD huet gepokert"
Wéi iwwer d’Valeur clé – also déi Valeur, déi fixéiert, wéi vill d’Tariffer rop oder rof ginn – verhandelt ginn ass, dunn hunn d’Doktere probéiert, de Maximum rauszeschloen. Dat wier och hiert gutt Recht, betount de Carlos Pereira.
Als CNS hätt een du gesot, et géing een d’Hallschent vun der Valeur clé, also 1,34 Prozent, als Erhéijung vun den Tariffer festleeën.
“Do wollte si pokeren. Si wollten de Maximum, mat alle Moyenen.”
Dat Ganzt ass op d’Geriicht gaang wou d’Decisioun geholl gouf, keng Erhéijung vun der Valeur clé virzehuelen.
Et géing der AMMD och drëm goen, de Gesondheetssystem méi liberal auszeriichten.
Kritik un der Aart a Weis vun der AMMD
Et ginn awer och eng Rei Sujeten, déi esou wuel d’Dokteren, wéi och d’Assuréë kritiséieren an net verstoe kënnen. Zum Beispill, firwat et heiansdo jorelaang dauert, bis een Tarif fir eng nei Behandlung oder medezinesch Method fixéiert ass.
De Carlos Pereira erkläert, datt een an deem Beräich ofhängeg vum Ausland ass, an ëmmer drop kucke misst, wéi et bei eisen Nopere gereegelt gëtt.
Kënnt et nach zu enger Konventioun? Dat wier eng schwiereg Fro, seet de Gewerkschaftler. Wann d’AMMD hirer Linn awer trei bleift, da mengt hien net. Hie stéiert sech awer och un der Aart a Weis, wéi mam Verwaltungsrot vun der CNS ëmgaange gouf.
“All déi Communiquéen, eng Kéier gëtt eise Verwaltungsrot als inkompetent betitelt, dann eis Direktioun nees.”
Dat hätt wéi gedo, virun allem well hie wéisst, datt do Leit géinge sëtzen, déi “alles maache fir am Intressi vun de Leit ze agéieren.”