search

/ D'ALVA zitt weider Puddermëllech zeréck wéinst Verdacht op toxesch Bakterien

Liewensmëttel

|
headphones

1 min

D'ALVA zitt weider Puddermëllech zeréck wéinst Verdacht op toxesch Bakterien

Et gëtt erëm eng Puddermëllech zeréck geruff. An der Mëllech „Calisma Relais 1er âge“, also fir den Alter 0 bis 6 Méint vun der Mark Gallia kéinte méiglecherweis toxesch Bakterien dra sinn. Dat mellt d‘Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA.

headphones

1 min

© picture alliance / dpa Themendienst | Christin Klose
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Christin Klose)

Rezent waren eréischt Puddermëllechë vun de Marken Nutricia, Picot, Nestlé, Guigoz, NAN an Alfamino aus dem selwechte Grond zeréck geruff ginn.

Déi zoustänneg Ministesch Martine Hansen äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten, firwat de Réckruff-System net bei den éischte Meldungen am Dezember gegraff hätt, datt Nestlé deen Ament just virsiichtshallwer Puddermëllechen zeréckgeruff hätt, nodeems Cereuliden festgestallt goufen.

Déi Produite wieren aus enger spezifescher Fabrik aus engem anere Memberstaat komm an net hei verkaf ginn. D‘Enquête vun Nestlé hätt erginn, datt d‘Kontaminatioun op ee Rostoff vun engem externe Liwwerant zeréck ze féiere wier. Doropshi wieren d‘Produiten zeréckverfollegt an Uganks des Mounts eeben och hei Puddermëllechen zeréckgeruff ginn, esou nach d‘Ministesch.