Radioen

On air

Notturno  |  Stereolab - Miss Modular

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'ALIA weist eng Plainte vun der ADR géint RTL of

No Reportage

D'ALIA weist eng Plainte vun der ADR géint RTL of

Den 18. September hat d‘Partei eng Plainte bei der onofhängeger Autoritéit fir déi audiovisuell Medie géint RTL Radio Lëtzebuerg gemaach. Hannergrond war en Artikel iwwert e méigleche Lien vun der ADR zu der rietsextremer an antisemittescher Partei a Frankräich Civitas.

auto_stories

1 min

Logo vun der ALIA | © Archiv
Logo vun der ALIA (Foto: Archiv)

De Reproche, deen an der Plainte formuléiert gouf war, datt de Reportage diffamatoresch Elementer enthale géif. D‘Begrënnung vun der ALIA fir d‘Plainte ze klasséieren ass, datt wann een de Reportage a senger Integralitéit kucke géif, een net vun Opruff zum Haass oder Diffamatioun schwätze kéint. Am Reportage hätte vill Protagonisten d'Méiglechkeet gehat, hir Vue op de Sujet auszedrécken. Donieft koum de Moien d‘Nouvelle, datt Civitas vum franséische Ministerrot opgeléist gouf.