Radioen

On air

De Weekend  |  Queens Of The Stone Age - Make It Wit Chu

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'ALIA fuerdert méi Kompetenzen

Medienautoritéit

D'ALIA fuerdert méi Kompetenzen

Den Internet muss reguléiert ginn. Dat ass eng vun de Revendicatiounen an engem White Paper, deen d’ALIA virun der Press virgestallt huet. An deem Dokument huet d’Medienopsiicht hir Conclusioune vun enger Konferenz aus dem Abrëll zesummegedroen, bei där et ëm d’Reform vum Mediegesetz goung. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Den aktuelle Gesetzestext ass 32 Joer al an net méi un den aktuellen Zäitalter ugepasst: Haut leeft quasi alles iwwert den Internet, an deen ass hei am Land bis elo komplett ofgekoppelt vun der Medienregulatioun. Dat dierft net méi sinn, sou d’ALIA.

Ënnert anerem misst verstäerkt géint problematesche Contenu um Internet gekämpft ginn, besonnesch par rapport zum Jugendschutz, huet den ALIA-President Thierry Hoscheit betount. Och de Gaming, also Spiller um Internet, bräichten e legale Kader. Eng wichteg Roll spillt an deem Kontext och d’Medienerzéiung. Déi misst ausgebaut ginn, souwuel fir déi jonk, wéi fir déi al Generatiounen.


"Datt ee weess, déi Informatiounen, déi een iwwert déi verschidde Medie kritt, wéi verschaffen ech se. Ech weess net, wou se hierkommen, wien déi Informatioun produzéiert huet, a sou weider. Verschidde Leit kënnen dat d’office, aner Leit mussen dat genee gewise kréien."

ALIA: Et gi méi Ressource gebraucht

Jidderee misst och fir de Contenu, deen en um Internet deelt, Responsabilitéit iwwerhuelen. An hirem White Paper fuerdert d’ALIA donieft, datt déi politesch Informatiounen am Netz méi staark reguléiert ginn. Wärend de Walcampagnë missten nieft den ëffentlech-rechtlechen och déi privat Medien, den Internet an déi sozial Netzwierker kontrolléiert ginn, an dat och scho wärend der Phas virum Walkampf.


"Net lo onbedéngt fir iergendengem eppes ze verbidden, oder eng Obligatioun ze maachen, mee datt ee wierklech eng Visibilitéit huet, wat an der Préwalcampagne geschitt."

Fir all déi Aufgaben ze bewältegen bräicht d’ALIA allerdéngs och méi finanziell a personell Moyenen.