Der Paulette Lenert hiren Defi war grouss - a si huet en net gepackt. Datt eng Partei en nationale Spëtzekandidat am Osten, mat siwe Sëtz an der Chamber dem klengste Walbezierk, opstellt, hat Lëtzebuerg nach net gesinn. Zumindest zanter et de Prinzip vu formaliséierte Spëtzekandidate gëtt. Am Bezierk Oste war d‘Fro, ob et der LSAP gelénge géif, wéi an den 1980er Joren, nees en zweete Sëtz ze kréien. Viru fënnef Joer waren d‘Sozialiste just déi véiertstäerkste Partei. Et huet net geklappt. D‘LSAP bleift bei engem eenzege Sëtz am Osten.
Néierens ass et méi schwéier e Sëtz an der Chamber ze kréien, wéi am Osten. Fir sécher dobäi ze sinn, brauch eng Partei 12,5 %, soss muss se op e Reschtsëtz hoffen. Mam Paulette Lenert ass d‘LSAP zwar vun 12,88 % op 17,28 % vun de Stëmme geklommen. Mee bleift awer bei engem eenzege Sëtz, deen d‘Paulette Lenert kloer fir sech entscheet. Eleng hir 11.927 perséinlech Stëmmen, also ouni d‘Lëschtestëmmen ze kucken, sinn 30 % vun all de Stëmme vun der LSAP am Osten. Mee et huet awer, a Sëtz, näischt bruecht.
D'ADR gewënnt no laanger Zäit nees e Sëtz am Osten
D‘ADR, déi am Osten traditionell staark ass, ass zanter 2009 allkéiers knapps un engem Sëtz an der Chamber gescheitert. Dëst Joer ass et trotz engem klenge Minus (9,47 % par rapport zu 9,58 % am Joer 2018) duergaangen, fir nees e Sëtz ze kréien. Allerdéngs huet de Wieler e Generatiounswiessel fir d‘ADR decidéiert. Mam Robert Mehlen war dee bis elo eenzegen Ost-Deputéierte vun der Partei 2023, net méi ugetrueden. Mee et ass net den Zweetgewielte vun 2018, de fréiere Parteipresident Jean Schoos, mee seng Duechter Alexandra Schoos, déi däitlech als Éischt gewielt gouf.
Datt et fir déi gréng enk géif ginn, hire Sëtz ze halen, war keng Iwwerraschung. D‘Sondagen hunn näischt Guddes virausgesot. Déi Éischtgewielte vun 2018, d‘Carole Dieschburg, war net méi op der Lëscht. Den Henri Kox, den Zweetgewielten 2018, hat mam Logement en Dossier, fir deen et an der Walcampagne kaum gutt Punkte gouf. D‘Verloschter vun déi gréng sinn trotz all deem onerwaart spektakulär: Méi wéi d‘Hallschent vun de Stëmme goung verluer, vu 16,52 % op just nach 7,64 %. Éischtgewielte gouf d‘Deputéiert Chantal Gary, virum Minister Henri Kox - an d‘Chamber kënnt kee vun deenen zwee.
D'CSV konfirméiert hir dräi Sëtz
Bei der CSV huet sech d‘Fro nom Generatiounswiessel gestallt. D'Françoise Hetto-Gaasch, déi Éischtgewielte vun 2018 war net méi dobäi. Déi aner fréier Ministesch, d‘Octavie Modert, war wéineg present. Dee Wiessel ass gelongen. D‘CSV leet liicht bäi (29,40 % op 30,61 %) a konfirméiert hir dräi Sëtz. Gewielt sinn de Léon Gloden, de Max Hengel an d‘Octavie Modert, déi aktuell Deputéiert.
D‘Pirate ware mat groussen Erwaardungen an d‘Wale gaangen, souguer am Osten wier, de Sondagen no, e Sëtz dra gewiescht. Dës Hoffnunge goufen enttäuscht. Par Rapport zu 2018 huet d‘Partei iwwer zwee Prozentpunkte verluer (vun 6,98 % op 4,90 %). Den Daniel Frères, den ëmstriddene Spëtzekandidat vun der Partei, bleift Éischtgewielten, mee verléiert iwwer en Drëttel vu senge perséinleche Stëmmen.
Och am Oste sinn déi gréng de grousse Walverléierer
Bei de klenge Parteie confirméiert den Osten déi national Tendenz. Dobäi kënnt keng iwwert 3 %: déi Lénk: 2,51 % (-0,79 Prozentpunken); Fokus: 2,51 %; Liberté-Fräiheet: 1,53 %; KPL: 0,4 %; Volt: 0,24 %. Déi Konservativ sinn am Osten net ugetrueden.
Am Oste gouf et deemno a Wielerstëmmen en anere Gewënner wéi a Sëtzer: D‘LSAP huet Prozenter bäigewonnen, d'ADR e Sëtz. Déi grouss Verléierer sinn, wéi an den anere Bezierker och, déi gréng.