Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - From Top To Toe

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 2023 gëtt dat wäermste Joer zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen

Copernicus confirméiert

2023 gëtt dat wäermste Joer zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen

Et war nach ni esou waarm, ewéi dëst Joer. Den europäesche Klimawandel-Service Copernicus confirméiert: 2023 gëtt dat wäermste Joer zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1850.

auto_stories

1 min

© Unsplash / Eelco Böhtlingk
(Foto: Unsplash / Eelco Böhtlingk)

De Mount November war dee sechsten hannerenee mat enger globaler Rekord-Duerchschnëttstemperatur. Domat wäert och dat ganzt Joer 2023 de globalen Temperatur-Rekord vu bis elo vum Joer 2016 briechen, esou Copernicus.

Bis November mat abegraff louch déi global Duerchschnëttstemperatur 1,46 Grad iwwer der pre-industrieller Referenzperiod.

D‘Haaptgrënn fir dës Klimaerwiermung sinn der UNO no mënschlech Aktivitéite mat héijen CO2-Emissiounen duerch Pëtrol, Kuel a Gas.

Op der Weltklimakonferenz zu Dubai gëtt den Ament och iwwer een Ausstig aus de fossillen Energie verhandelt. Déi emiratesch Presidence an dee gréisste Pëtrols-Exportateur Saudi-Arabien wiere sech awer oppe géint d‘Fuerderung vun iwwer 1.000 Länner, een Enn vun de fossillen Energien an der Schlussdeklaratioun festzehalen.