search

/ Confirméierte Sécherheetsrisiko: Internetsite vun der Chamber preventiv net online

National

|
reading time

1 min

Confirméierte Sécherheetsrisiko: Internetsite vun der Chamber preventiv net online

D'Chamber huet gëschter um Mëttwochowend hiren Internetsite an all d'Informatiksystemer vum Netz geholl. Nach bis 8 Auer haut um Donneschdegmoie wäerten den Internetsite chamber.lu an d'IT-Systemer vum Parlament, dorënner den Email System, net erreechbar sinn.

reading time

1 min

Technesche Problem um Site vun der Chamber | © 100,7
Technesche Problem um Site vun der Chamber (Foto: 100,7)

Keng Prezisiounen zu eventueller Cyberattack

Als Erklärung huet d‘Chamber an engem Communiqué matgedeelt, et géif sech ëm eng Virsiichtsmoossnam handelen. De Schrëtt wier néideg gewiescht wéinst engem confirméierte Sécherheetsrisiko, deen d‘Ekipp vun der Chamber ënnersiche géifen. Weider Detailer, ëm wéi e Risiko et sech handelt, ginn net matgedeelt.

De Generalsekretär vun der Chamber, Laurent Scheeck, sot op eis Nofro hin, dës reng preventiv Mesure wier geholl ginn, fir datt kee Schued kann entstoen. Op et sech ëm eng eventuell Cyberattack handelt gëtt net preziséiert.

Januar: Staatlech Sitte vun DDOS-Attack viséiert

Am Januar ware staatlech Internetsäite vun enger sougenannter DDOS-Attack viséiert, déi d‘Serveren iwwerlaascht hat a verschidde Sitten, dorënner guichet.lu, waren dowéinst eng Zäit laang net disponibel.