arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Condamnéierte Generalist aus der Stad kritt definitiv seng Autorisatioun entzunn

Santé

|
reading time

2 min

Condamnéierte Generalist aus der Stad kritt definitiv seng Autorisatioun entzunn

De Generalist Waël Naeseh aus der Stad däerf net méi als Dokter zu Lëtzebuerg praktizéieren. De Gesondheetsministère huet dem Medezinner seng Autorisatioun mat direkter Wierkung entzunn.

reading time

2 min

Dokter | © Bigstock
Dokter (Foto: Bigstock)

Aus engem Arrêté ministériel vum 19. Oktober, deen haut op Legilux publizéiert gouf, geet dës Annulatioun ervir. Den Dokter kritt virgeheit, bei senger Arrivée zu Lëtzebuerg net uginn ze hunn, datt schonn Ënnersichunge géint hie lafen – dozou ass all Dokter obligéiert.

Virbestroft wéinst Bedruch a Fälschung 

Wéi Reporter.lu am Mäerz 2026 gemellt huet, war de Generalist am Joer 2022 an der Schwäiz wéinst Bedruch a Fälschung zu dräi Joer Prisong verurteelt ginn, d'Hallschent dovu mat Sursis.

Donieft war hie fir fënnef Joer aus dem Land verwisen ginn. Och a Frankräich war de Medezinner am Joer 2023 fir 18 Méint suspendéiert ginn, dat wéinst schlechter Patientebetreiung.

Suspendéierung war Uganks net permanent

Am Juni 2024 hat d'Gesondheetsministesch Martine Deprez hien och zu Lëtzebuerg fir 18 Méint suspendéiert. Nodeems déi Suspendéierung Enn 2025 ausgelaf war, huet den Dokter nees Patienten a senger Praxis an der Stad behandelt.

Eréischt dono ass de Ministère eegenen Aussoen no op d’Verurteelung vum Dokter an der Schwäiz opmierksam ginn. De Ministère hat am Juni géigeniwwer dem 100,7 ugekënnegt, déi néideg gesetzlech Demarchen ze ënnerhuelen. Mam Entzéie vun der Autorisation d’exercer op den 19. Oktober ass dat elo geschitt.