Dëse Kompromëss hunn d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaften de Mëtteg zu Senneng ënnerschriwwen. De Käschtepunkt fir dës Verlängerung vun den Energiemesurë soll bei ronn 150 Milliounen Euro leien, huet et no der zweeter Sitzung vum Comité de suivi tripartite geheescht.
Avenant gouf ënnerschriwwen
No zwou “intensive Sitzungen” a bal zéng Stonne Verhandlungen déi lescht an dës Woch zu Senneng, kënnt et wéi ugekënnegt zu enger Verlängerung vun den Energiemesuren aus dem sougenannte “Resilienzpak” vum Juni dëst Joer.
Well een d’Energieversuergung an d’Klimaziler net wéilt aus den Ae verléieren, wier decidéiert ginn, all d’Mesurë weider lafen ze loossen, esou de Premier Luc Frieden (CSV).
"Mee datt déi Subventionéierung vum Bensinn a vum Diesel just nach gemaach gëtt am Mount Januar a Februar 2027. An datt mer dann domat ophalen."
Mat dëser Reduktioun op den Energiekäschten hofft d’Regierung, d’Inflatioun bremsen ze kënnen, esou datt d’nächst Joer just eng Indextranche dierft erfalen. Dat fir eng gewëssen Previsibilitéit ze garantéieren, an och d’Kompetitivitéit vun de Betriber hei am Land ze erhalen, seet de Premier Luc Frieden.
D'Inflatioun fir dëst Joer leit den Ament bei 2,9 Prozent. De Cumul vun der Inflatioun zënter der leschter Indextranche leit bei 1,9 Prozent. Eng Indextranche gëtt bei engem Inflatiouns-Cumul vun 2,5 Prozent declenchéiert.
Den Premier Luc Frieden huet vun engem “excellente Klima” tëschent der Regierung an de Sozialpartner geschwat. Dat bei den dach deels schwieregen Gespréicher.
Oneenegkeet beim OGBL an LCGB
Dës Erausklammen aus dem Tankrabatt no Enn Februar 2027, wier fir den OGBL ganz wichteg gewiescht, esou d’Presidentin Nora Back. D’Klimatrajectoire mat enger Verlängerung doriwwer eraus wier net méi erfëllt ginn.
Den LCGB-President Patrick Dury war dogéint net zefridden, datt den Tankrabatt just nach ëm zwee Méint verlängert gëtt.
"Wat an eisen Aen zum Detriment ass vun alle Leit, déi hei am Land drop ugewise sinn, datt se mussen tanke goen. An dat bedauere mir ganz staark."
Den neien UEL-President Marc Lauer huet sech zefridde gewisen, datt d’Entreprisë mat dësem Accord relativ previsibel kéinte schaffen.
"Well eis awer erlaabt net méi wéi zwou Indextranchen a 24 Méint ze bezuelen. Dat war fir d’Entreprisë ganz wichteg."
D’CGFP hat am Virfeld verlaangt, datt all déi aktuell Mesuren onverännert a fir maximal dräi Méint solle verlängert ginn. Dëst Zil gouf mam Accord net erreecht, seet de CGFP-President Romain Wolff.
"Deemno wéi d’Situatioun ass, da weess nach kee wéi séier mer eis hei erëm fannen. Ech mengen am Accord steet elo dra spéitstens am Februar d’nächst Joer."
Déi aktuell Moossname fir d’Inflatioun ze bremsen an Aarbechtsplazen ze erhale missten op "iergendeng Aart a Weis" virugefouert ginn, hat de Luc Frieden schonn d’lescht Woch no der éischter Sitzung vum Comité de suivi Tripartite als "gemeinsam Conclusioun" ugekënnegt.
Déi dräi Verhandlungspartner solle spéitstens am Februar d'nächst Joer nees zesumme kommen, fir de Point ze maachen. Dann dierften d’Regierung an d’Sozialpartner also op een Neits iwwer d’Mesurë fir de Kampf géint d’Inflatioun diskutéieren.