Radioen

On air

Popfilter  |  World Brain - Minute papillon

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sträit bei der Piratepartei

Piratepartei

Sträit bei der Piratepartei

Kandidaten, déi bei de Gemengewalen zu Betzder fir d’Piraten ugetruede waren, hu sech elo vun der Partei distanzéiert. De Co-Spëtzekandidat an där Gemeng a fréiere laangjäregen LSAP-Member Laurent Kneip ass aus der Piratepartei ausgetrueden.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Aacht vun den eelef Kandidate vun der Pirate-Lëscht, déi nach an der Gemeng Betzder wunnen, kritiséieren ee "Boykott vun der Walcampagne".

D’Ressourcë vun der Gemengewal-Campagne wieren zum Beispill an der Haaptsaach op Péiteng a Réimech gaangen.

Ee weidere Kritikpunkt ass déi politesch Haltung vum Co-Spëtzekandidat aus dem Oste bei de Chamberwalen, a Gemengerotsmember zu Réimech Daniel Frères. Dat erkläert de Co-Spëtzekandidat op der Pirate-Lëscht bei de Gemengewalen zu Betzder, de Laurent Kneip. Fir hien, wier den Daniel Frères en Trump Sympathisant.

"Jo, hien huet ebe gesot, net alles wat e gemaach huet, ass schlecht also fënnt hien e jo gutt."

Géigewand ënnerhalb der Partei

Fir dës Kritik hätt hie keng Unhaltspunkten, seet de Sven Clement.

"Den Daniel Frères huet ni an iergendengem internen Chat esou Saache gedeelt an och no baussen net kommunizéiert. Ech ginn eemol de Mount an der Moyenne mat him iessen, an och do hunn ech bis elo näischt esou héieren."

Dem Laurent Kneip no, hätte Reklamatioune beim Parteicoordinateur Marc Goergen a beim nationale Spëtzekandidat Sven Clement wéinst Problemer mat ënner anerem dem Walkampfmaterial zu Betzder, d’Situatioun net verbessert. Et hätt ee méi Géigewand ënnerhalb der Partei kritt, wéi vum politesche Géigner.

"Perséinlechen Ego-Trip"

De Laurent Kneip war nëmme gutt siwe Méint Member vun der Piratepartei. Vu sengem Parteiaustrëtt a senge Kriticke wéinst der Walcampagne zu Betzder hält de Sven Clement net vill.

"Et ass lächerlech, datt hei ee perséinlechen Ego-Trip vun engem Kandidat, dee mat senger eegener Campagne net gewielt gouf."

De Sven Clement geheit dem Laurent Kneip vir, op nationalem Niveau Opmierksamkeet fir seng Biergerinitiativ wëllen ze erreechen, ouni op aner gréisse Problemer am Land anzegoen.

Lauschterenplay_arrow